Den Noël de la Rue gouf virun 42 Joer vum Léon Kraus an d'Liewe geruff. Wat kleng ugefaangen huet, ass iwwert d'Joren ëmmer méi grouss ginn. Eppes méi 300 Leit waren e Méindeg op d'Chrëschtfeier komm. Et géingen all Joer méi Leit op déi Offer zréckgräifen, seet de Grënner.
Um Menü stoung Geméiszopp, Emincé de Dinde an als Dessert gouf et Bûche. Eng 80 Fräiwëlleger hunn zerwéiert.
En detailléierten Abléck an den Noël de la Rue kritt Dir am Reportage vum Ryck Thill.