Lutte géint DrogenNo grousser Policeaktioun op der Gare goufen 3 Leit festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch den Owend war eng grouss Policeaktioun op der Gare, bei där d'Police Judiciaire an d'Hondsstaffel an den Asaz koumen.
© Shutterstock

Am Ganzen hunn 18 Persoune misste mat op der Policebüro kommen, fir eng Kontroll an Duerchsichung. Verschiddener vun hinne hu souguer missten vun engem Dokter ënnersicht ginn, fir eventuell Friemkierper ze fannen. Dëst war bei dräi Persounen de Fall, déi och verhaft goufen a virun den Untersuchungsriichter koumen.

Et goufe ronn 150 Gramm Droge fonnt, donieft goufe 5 Handyen an 2.500 Euro saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf bei enger Persoun doheem eng Perquisitioun gemaach.

Back to Top
CIM LOGO