LandwirtschaftNo 2 Krisejore stabiliséiert sech d'wirtschaftlech Situatioun nees

RTL Lëtzebuerg
2018 war ee positiivt Joer fir d’Baueren an och den Ausbléck op d’Resultater vun dësem Joer dierfte deementspriechend ausfalen.
© AFP

Dat ass de Constat vum Service d’économie rurale vum Landwirtschaftsministère, deen d’Entwécklung vum landwirtschaftleche Secteur ënnert d’Lupp geholl huet. No 2 Krisejoren, 2015 an 2016, stabiliséiert sech déi wirtschaftlech Situatioun nees.
Dat ordinäert Resultat 2018 ass ëm 3 Prozent par Rapport zu 2017 geklommen. Eng positiv Entwécklung, déi sech schonn 2017 manifestéiert hat. Elo leit dat ordinäert Resultat bei iwwert 62.000 Euro pro Betrib, 2017 waren et nach e bësse méi wéi 60.000 Euro. Déi gutt Resultater géife sech duerch déi favorabel Situatioun op de Mäert an am generellen de gudde Präisser fir déi landwirtschaftlech Produiten erklären, seet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

"Wann een déi eenzel Ausriichtunge gesäit, da gesäit een, datt virun allem am Beräich vun de Mëllechbetriber de Moment sech ganz gutt Situatiounen erausschielen aus den Analysen, déi gemaach goufen."

Allerdéngs gëtt et och ee Beemol. Fir Produiten, wéi d’Schwéngs- oder Rëndsfleesch kruten d’Baueren d’lescht Joer net wierklech vill. Et gouf ee Minus vun 67 Prozent verzeechent.

"2017, wou virun allem ugefaangen huet am Beräich vum Schwéngefleesch, datt et géif schwéier ginn. Do huet een 2018 een décke Minus verzeechent, mat Déifpräisser. Do gesäit een, datt sech de Maart 2019 erholl huet an datt d’Prognose fir 2019 besser sinn."

Natierlech géifen d’Zuele just Moyennen duerstellen. A verschiddene landwirtschaftleche Branchë leeft et manner gutt, wéi an aneren, ma dëst Joer dierft sech déi positiv Tendenz aus de leschte Joren nees widderhuelen.

"Ech mengen, datt et gutt war, datt déi dräi positiv Joer - 2017, 2018, an 2019 - déi schwéier Joer kënnen opfänken. 2015 an 2016 waren eis katastrophal Jore fir d’Landwirtschaft. Dofir ass et gutt, datt de Secteur sech kann erblosen a Récklage maachen."

Fir de Bilan vum SER goufe 618 Betriber gekuckt, dat si ronn 40 Prozent vun alle landwirtschaftleche Betriber am Land. D’Landwirtschaft mécht iwwregens 53 Prozent vun der Fläch zu Lëtzebuerg aus.

Back to Top
CIM LOGO