"All we need"Neit Liewe fir al Gebléishal

RTL Lëtzebuerg
D'Gebléishal um Belval. Si kritt neit Liewen agehaucht. Aus hir soll eng multifunktionell Hal ginn. Et soll e liewegen Uert ginn, wou Leit sech begéinen.
Neit Liewe fir al Gebléishal
120.000 Meter Carré grouss ass dei fréier Gebléishal vun der Arbed zu Esch/Belval.

D'Hal selwer soll als Patrimoine industriel erhale bleiwen. D'Mauere wäre stabil. Nëmmen den Daach muss nei gemaach ginn an den Asbest muss eraus.

D'Gebléishal hat an der Schmelz eng wichteg Funktioun. Si huet d'Héichiewe mat Verbrennungsloft versuergt. Dës virgewiermte Loft gouf aus der Hal iwwer d'Kauperen an déi respektiv Héichiewe geblosen.

120.000 Meter Carré grouss ass déi fréier Gebléishal vun Arbed Esch/Belval. Et ass en Zeie vun enger Zäit, wou Dausende vu Leit hiert Brout op der Schmelz verdéngt hunn an déi fir de Räichtum vu Lëtzebuerg gesuergt hunn.

Back to Top
CIM LOGO