ChamberNeit Covid-Gesetz gouf ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Dat mat de Stëmme vun der DP, der LSAP, déi Gréng, der CSV an de Piraten. Déi Lénk hu sech enthalen, d'ADR huet dogéint gestëmmt.

Net méi strikt, awer och net méi labber. D'Coronareegele ginn elo fir de Summer just liicht adaptéiert.

Den Donneschdeg de Moie krut e weidert Covid-Gesetz an der Chamberplenière de Feu Vert, dat mat de Stëmme vun der Majoritéit, der CSV an de Piraten. D'ADR war dogéint an déi Lénk hu sech enthalen.

Déi wuel gréisst Ännerung ass jo déi, datt de CovidCheck-Regime adaptéiert gëtt. No 1 Auer gëllt zum Beispill keen Auto-Schnelltest méi.

Virun allem d'Nuetsliewen hat jo derfir gesuergt, datt d'Zuelen an der Lescht nees eropgaange waren, esou den LSAP-Deputéierten a Rapporter Mars di Bartolomeo.

De Mars di Bartolomeo

D'CSV wier virun e puer Woche méi streng gewiescht, sou den Deputéierte Claude Wiseler. Hien huet d'Fro opgeworf, ob fräi Nuechten ubruecht sinn.

De Claude Wiseler

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet ze bedenke ginn, datt mer kee Summer ouni Corona wäerte kréien. Et wier dofir wichteg, bei den Impfunge séier weider ze kommen. An deem Sënn soll och eng grouss Campagne lancéiert ginn.

Och wann de Rapport Waringo net um Ordre du Jour war, gouf vill iwwert deen diskutéiert an der Chamberplenière. Am Zentrum vun der Kritik stoung d'Familljeministesch Corinne Cahen. Si géing keng Fro beäntweren an allen Diskussiounen aus dem Wee goen, hu grouss Deeler vun der Oppositioun bedauert.

D'ADR hat den Donneschdeg de Moien eng Resolutioun deposéiert an där gefuerdert gouf, datt d'Plenièrë vun der Chamber vun Oktober un nees sollen um Krautmaart sinn.

Dës Resolutioun gouf mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit refuséiert.

Back to Top
CIM LOGO