Terrain verkafNeie Quartier, wou soss Villeroy & Boch produzéiert huet

RTL Lëtzebuerg
De Parzeläins-Produzent Villeroy & Boch huet e weideren Deel vu sengem fréiere Fabricksterrain am Rollengergronn verkaaft.
© Faïencerie / ICN Development SA

Op gutt 36.000 m2, wou soss emol d’Areal vun der sougenannter Unise 1 war, soll e neie Quartier entstoen, wou de Schwéierpunkt um Wunnen wäert leien, heescht et an engem Communiqué vun en Dënschdeg den Owend.

D’Schlass Siwebueren an de südlechen Deel vum Site ginn iwwregens net verkaf a bleiwen an der Hand vum Traditiounsbetrib.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO