Et flitzen awer och schonn éischt Zigaretten duerch Maschinnen, déi vum historesche Site Hollerech eropgeplënnert goufen. Wann d'Produktioun 2022 emol op vollen Touren dréit, kënne bis zu 7 Milliarden Zigaretten d'Joer a Päck agefëllt ginn. Päck, déi u sech ëmmer méi ofstoussen. An awer. Bei Van Landewyck war e bereet, 85 Milliounen Euro an d'Zukunft z'investéieren. Charles Lemmer, Country Manager bei Van Landewyck ass sech es bewosst. D'Gesetzer ginn ëmmer méi schaarf. Et ass komplizéiert fir eis Firma, fir do matzehalen, grad wou mer e klenge Player sinn. D'Investissementer, déi mer maache mussen, si ganz grouss a schwéier ze droen par Rapport zu de Multinationalen, sou de Lëtzebuerger. De Charel Lemmer erënnert drun, dat d'Zigarett e legaalt Produkt ass, op dat een am Familljebetrib vun 1847 stolz ass.
D'Geschäft mam Tubak. Dat sinn hei zu Lëtzebuerg eleng 700 Milliounen un Accisen an TVA d'Joer. D'Europäesch Consommatioun geet lues zeréck, 1 bis 2 % d'Joer, sou déi Responsabel vun Van Landewyck.
An der neier Fabrick um Fridhaff gi bis 2022 all d'Aktivitéite vun den zwee aktuelle Sitten, Hollerech an Ettelbréck, regroupéiert.
" Fumer augmente le risque de devenir aveugle." Rauchen ist tödlich. " D'Warnungen a Bild an Text op den Zigarette Päck sinn net z'iwwersinn. An awer gi weider eng 3,2 Milliarden Zigaretten d'Joer hei am Land verkaf. Ronn 80% dovun, ginn direkt an d'Ausland.
Ugangs den 2000der Jore goufen nach 40 bis 50% méi Zigaretten zu Lëtzebuerg verkaf.
Zanter hier gouf et e klore Paradigmewiessel. De Präis spillt eng Roll. awer virun allem huet den Image vun der Zigarett drastesch geännert. D'Leit goufe méi gesondheetsbewosst.
D'ass e Produit dee kloer Gesondheetsschiedlech ass. Dat ass absolut richteg. Sou de Charles Lemmer. De Country Manager vu Landewyck Lëtzebuerg weider: Et steet grouss op alle Päck drop. Am aktuelle Gesätz sinn och Moossnamen, dat jonk Leit ënner 18 Joer net mat Tubak sollen a Beréierung kommen. Dodrun hale mer ons. Mir sinn och kloer do fir fir op d'Gesondheetsrisiken hin ze weisen. Et ass awer e Genossmëttel. Ech Perséinlech well net an enger Welt liewen an där ech kee Pätsche Wäi kann drénken, Nutella Moies op meng Schmier maachen oder emol eng Zigarett fëmmen, sou de Charles Lemmer weider.
Am Juli dëst Joer huet d'Weltgesondheetsorganisatioun e Rapport publizéiert, an deem kloer bedauert gëtt, dat generell Weltwäit d'Zuel u Mënschen déi Fëmmen héich bleift. 8 Millioune Mënsche Weltwäit duerch de Konsum vun Tubak, sou WHO.
stierwe Dofir ginn weider, International d'Legislatioune géingt den Tubak verschäerft.
De Pack vun der Zukunft wäert wuel ëmmer méi ofstoussen an neutral ginn. Donkel Gréng mat klore Warnungen. D'Mark verschwënnt praktesch ganz. Haut schonn eng Realitéit a Frankräich. 2020 zéien d'Belsch an Holland no. Hei zu Lëtzebuerg huet d'Regierung bis elo, .. net reagéiert.
Am Juli 2008 gouf op der Stater Gare eng vun de Markantsten Affichë vum Land ofmontéiert. D'Publicitéit fir Zigaretten ass Haut an der EU, just nach bei eisen Däitschen Noperen an a Bulgarien erlaabt.
Iwwer Joerzéngte war de Sport och den Ideale Support fir d'Tubaksindustrie. Op Biller aus dem Tour de Luxembourg 1968 gesäit een Hostessen déi bewosst Zigarette vum Sponsor, nieft de Coureuren ufänken.
Wéi gesäit d'Zukunft aus? D'Produktioun vun der Maryland ouni Filter gëtt bannen den nächste Woche gestoppt. Wéinst Manktem u Clienten. Kéint do en neie Produit, Stéchwuert Cannabis d'Relève iwwerhuelen?
Mir waarden drop, mat wat d'Regierung elo kënnt, sou de Charles Lemmer. Wéi dat soll ëmgesat ginn. De Cannabis ass e Produit dee gëtt gefëmmt. Gett och mat Tubak vermëscht.
Et sinn deels déi selwecht Consommateure vun eise Produkter Haut. Ma mer wëssen net wei dat soll ëmgesat ginn. Do musse mer ofwaarden.
Just uewenaus am Administratiouns Gebai vun Heintz Van Landewyck ass d'Zäit stoe bliwwen. Am Musée. Ma och dee wäert 2022 fir eng Zäit a Këschte gepackt ginn. Wann d'Gebai, deem seng Fassade Klasséiert ass, renovéiert gëtt. Iwwerdeems d'Fabrick u sech ofgerappt wäert ginn, fir engem Neie Quartier platz ze maachen. 6 Gëllen Hektar, Ronderëm deen Historesche Park.
Vum impressionnante Stock un Tubak, fir 6 Woche Produktioun, deen haut nach zu Hollerech am Keller läit. Iwwer d'Maschinne fir d'Blieder Tubak ze veraarbechten déi als lescht vun Hollerech op de Fridhaff geplënnert ginn. Bis bei d'Produktioun vun den Zigaretten. Präzis 0,7 Gramm Tubak. Wou bis zu 30 Zorten däers Tubak gemëscht ginn.
Aly Metzen, Techneschen Direkter a Chef de Projet Fridhaff erkläert: Wann et ze fiicht ass, oder ze naass, da lafen d'Maschinnen net. D'Produktioun gëtt schlecht. Dofir ass et wichteg, datt mir verschidde Klimakonditiounen an den Halen hunn. Dat ganzt Joer iwwer, Summer wéi Wanter. Zum Beispill 65 % Loftfiichtegkeet an 22 Grad an der Tubaks-Preparatioun géint 58% Loftfiichtegkeet an 22 Grad an der Produktioun vun Zigaretten. Eleng d'Klimaanlag kascht ronn 10 Milliounen Euro.
Et entsteet um Fridhaff e Wierk, wat voll an d'Konzept Industrie 4.0 passt. Wou d'Autokratisatioun vun de Prozesser eng grouss Roll spillt. Nei Produktiounsofleef ginn den Ament getest. Iert weider geplënnert gëtt. D'Maschinne lafen. Dat heescht ones Plang geet op, sou den Aly Metzen.
Impressionnant um Fridhaff ass och dat vollautomatiséiert Héich-Regal-Lager, wat gebaut gouf. An deem spéider keng vun den 12.000 Paletten verluergoe soll. Fir de Fall, wou et eng Kéier brenne géif, steet eng Reserv vun 900.000 Liter Waasser bereet, fir d'Sprinkler-Anlag.