Zu Lëtzebuerg ginn et zwou grouss Organisatiounen déi d' Patienten an hir Famille bei hirem schwéiere Parcours begleeden an divers aner Servicer ubidden: D'Associatioun Een Häerz fir kriibskrank Kanner an d'Fondatioun Kriibskrank Kanner. An d'Stëftung hat en Dënschdeg op déi éischt Pressekonferenz an de frësch renovéierte Gebailechkeeten zu Bartreng invitéiert.
Hell Maueren a grouss Raim. Frëndlech gesäit et aus. An dat ass wichteg fir en Haus an dat virop jonk Mënsche kommen, deenen et net esou gutt geet. D'Fondatioun Kriibskrank Kanner hat zejoert 225 Famillje betreit, dovu waren der 35 nei.
Pediatresche Kriibs ass a bleift e Problem. Eleng an Europa stierwen all Joers 6000 Kanner oder Jugendlecher. Fir d'Direktesch vun der Stëftung Anne Goeres ass dat op den éischte Bléck eng Zuel déi net vill ausseet: ''Wann ech awer elo soen, dass dat pro Dag zwee Busser voll mat Kanner wären, déi all bei engem Accident ëm d'Liewe kommen, da geet engem d'Schudderen aus an et mierkt een, dass dat wierklech eng ganz grouss Zomm ass. Deemno muss vill dru geschafft ginn, dass manner Kanner u Kriibs stierwen.''
D'Fuerschung ass weider gefuerdert. Si ass nieft der Betreiung an der Sensibiliséierung deen drëtten Aufgabeberäich vun der Fondatioun.
''D'Recherche ass immens wichteg, well mir gesinn eis schlecht d'Kanner begleeden, ouni ze kucken dass d'Traitementer kënne besser ginn, mat manner Sequellen, a wéi mir kënne méi Kanner hunn, déi iwwerliewen. Bei der Recherche ass d'Fro komplizéiert, wéi eng kleng Organisatioun ewéi eis et fäerdeg brénge kann, déi richteg Projeten ze fannen, déi e reellen Impakt op d'Kanner hunn, déi net schonn dräi mol recherchéiert goufen duerch d'Welt an dowéinst hu mir eis zesumme gedoe mat aneren Associatiounen an Europa fir ''Fight Kids Cancer'' ze grënnen.''
Et ass e Fong fir d'Recherche, dotéiert op 3 Milliounen Euro. No enger Ausschreiwung gëtt dee beschte Fuerschungsprojet erausgesicht. D'Wëssenschaftler déi gewannen, kréie massiv ënnert d'Äerm gegraff.
Fir d'Betreiung vun de Kanner hätt een 1 Millioun Euro ausginn, heescht et. D'Stëftung huet zejoert 4.500 Facturë fir hir Patienten en charge geholl, déi direkt un déi schwéier Krankheet gebonne waren. Ëmmerhi konnt d'Fondatioun zejoert awer op 2 Milliounen 151.000 Euro zeréckgräifen, déi eleng duerch Donen zustane koumen.
De 26. September sammelt d'Fondatioun Kriibskrank Kanner dann nees Suen an zwar op der 3. Editioun vun der Course "Lëtz Go Gold".