
RTL ass deen éischte Media am Land. All Dag erreechen d’RTL-Medien (Radio, Tëlee an den Internet) 307.300 Awunner. Dat ass en neie Rekord !
Op eng Woch gekuckt, kënnt RTL Télé Lëtzebuerg (och via RTL ZWEE an Internet) op d’Spëtzepositioun an erreecht 54.9 % vun der Populatioun. Op zweeter an drëtter Plaz kommen RTL.lu (52.8%) an RTL Radio Lëtzebuerg (50.9%).
Zesummen erreechen d'RTL-Medien all Woch 78.5% vun der Populatioun, dat heescht 413.100 Persounen zu Lëtzebuerg.

All Dag kommen 187.900 Visiteuren op RTL.lu (mat RTL 5minutes.lu an RTL Today). En neien Dages-Rekord fir eis Online-Plattform, déi sech als 1. Media zu Lëtzebuerg positionéiert.
RTL Télé Lëtzebuerg ass bei Wäitem dee meescht-gekuckte Sender zu Lëtzebuerg. D’Programmer ginn all Dag vun 153.000 Spectateure gekuckt.
RTL Radio Lëtzebuerg bleift deen éischte Radiosender zu Lëtzebuerg a gëtt all Dag vun 151.800 Leit gelauschtert.
* Zweemol am Joer analyséiert TNS-Ilres am Optrag vun der Regierung an den 3 Haapt-Medienhaiser (Editpress SA, IP Luxembourg/CLT-UFA a Saint Paul Luxembourg SA) de Mediekonsum vun der Lëtzebuerger Populatioun. D’Analys gouf tëscht September 2019 a Juni 2020 op engem Echantillon vu 4.000 Awunner vun iwwer 15 Joer gemaach. An dëse Resultater ass d'Period vum Confinement mat dran.