WirtschaftsmissiounNei Lëtzebuerger Initiativen am Space-Beräich zu Dubai virgestallt

Pit Everling
Nei Acteuren am Space-Beräich sollen ënnert d'Äerm gegraff kréien.
© RTL

Dat ass d'Zil vun engem Fërderprogramm vum Europäesche Space-Zenter ESRIC mat Sëtz zu Lëtzebuerg. D'Detailer goufe rezent op der Astronautefoire zu Dubai presentéiert.

Lëtzebuerger Initiativen am Space-Beräich / vum Pit Everling

De Programm gesäit am Ganzen 3 Etappe vir, sou de Mathias Link, Interimsdirekter vum Europäesche Space-Zenter.

D'Zil ass et, fir Start-uppen ze fannen, déi am Space-Beräich wëlle schaffen:

"D'Iddi ass et fir Start-uppen ze fannen, déi eis laangfristeg Visioun deelen, fir do uewen Space Resources ze notzen a gläichzäiteg à court terme Business-Pläng ze hunn, déi Sënn maachen".

An enger éischter Phas gi 5 Firme selektionéiert. Firme vun der ganzer Welt kënne beim Accelerateur matmaachen, wat och eng Première ass:

"Do kommen d'Ekippen da fir dräi Méint op Lëtzebuerg, kréien do technesch Ënnerstëtzung a Business-Ënnerstëtzung fir hir Iddi auszeschaffen".

An enger zweeter Phas ass rieds vu méi engem klasseschen Incubateur, wou zu Lëtzebuerg weider ka geschafft ginn, ënner anerem gi Bürosraimlechkeeten zur Dispositioun gestallt. Dee beschte vun de Projeten aus der éischter Phas kritt dann och finanziell gehollef.

"Dat mat 200.000 Euro an der zweeter Phas".

Déi drëtt Phas fänkt no 2 Joer un an erlaabt et der Firma weider mam ESRIC zesummenzeschaffen a sech weider ze developpéieren.

Wéi kann eng ekonomesch Exploitatioun vum Mound ausgesinn?

EURO2Moon heescht eng nei Organisatioun, déi vu Lëtzebuerg aus agéiert an operéiert. Och dës gouf der Deeg op der Astronautefoire zu Dubai virgestallt.

Ekonomesch Exploitatioun vum Mound / vum Pit Everling

D'Zil ass et, fir déi natierlech Ressourcen um Mound besser ze notzen an dat kommerziell an nohalteg. Fir de Projet hu sech 3 grouss Acteuren zesummegedoen.

Nach emol de Mathias Link:

"Dat ass eng industriell Associatioun vun Airbus, déi natierlech am Space enorm bekannt sinn, vun AirLiquide, déi am Space an am Gasmanagement aktiv sinn an Ispace, eng Lëtzebuerger Firma, déi Aktivitéiten um Mound wëll entwéckelen".

Och Fuerschungszentere goufen u Bord geholl, an och de European Space Resources Innovation Centre wëll d'Plattform ënnerstëtzen.

An enger éischter Phas dierft ee virun allem mol un Etüde geschafft ginn, sou de Mathias Link.

Wat fir Aarbechte kéinte genee um Mound gemaach ginn?

"Et kann een no Waasser a Sauerstoff sichen. Et kann ee Metaller verschaffe fir verschidden Equipementer ze maachen, zum Beispill Solarzellen. Och ganz Haiser kéinten opgebaut ginn, zum Beispill eng Moundstatioun".

Dono wäerten och am Orbit vun der Äerd nei Méiglechkeeten entstoen.

Wat alles no Zukunftsmusek kléngt, ass guer net méi sou wäit ewech.

De Mathias Link rechent dermadder, datt verschidde Projeten a 5 bis 10 Joer Realitéit kéinte ginn.

Back to Top
CIM LOGO