
Wéi et elo an engem Communiqué heescht, hätt een déi Decisioun geholl en vue vun neien Entwécklungen, déi an Zesummenhang mat Bäiträg a Fuerderunge vun der Partei elo komm wieren.
Et géing een "en temps utile" op d'Decisioune vun der Regierung reagéieren. Wéi eng Entwécklunge gemengt sinn, gëtt net preziséiert. D'Invitatioun fir d'Pressekonferenz war e Méindeg erausgaangen.