
"Deng Zukunft op der Gemeng: Villfälteg. Lokal. Modern" heescht eng nei Campagne, mat där op d’Attraktivitéit vun de Gemengeberuffer soll opmierksam gemaach ginn.
D’Inneministesch Taina Bofferding huet en Donneschdeg de Moie mam Gemengesyndikat Syvicol an de Gewerkschaften FGFC an OGBL d’Detailer bekannt gemaach: "Et ass mer wichteg, mat dësem Message un d'Ëffentlechkeet ze goen, well de Gemengesecteur gutt a motivéiert Personal sicht a brauch. Leider gëtt de Secteur heiansdo mat virgefaasste Meenungen, mat Klischeeën a Virurteeler zu Onrecht "behaft". D'Realitéit ass nämlech eng ganz aner. Vill Verwaltunge si ganz innovativ a kreativ a beméien sech permanent, déi beschten Déngschtleeschtunge fir d'Biergerinnen a Bierger unzebidden."
"Verstëbst"..., déi Beschreiwung géing hautzedaags guer a glat net méi bei d'Gemengeverwaltunge passen. Parallel gëtt op Reformen aus de leschten 2 Joer verwisen, zum Beispill a punkto Formatioun.
D’Exame sinn adaptéiert ginn, d’Formatioune sinn elo konkret orientéiert op déi Tâchen, ëm déi et herno och geet, sou déi Responsabel aus dem Secteur.
All d’Informatioune zu de Gemengen an hirer Roll als Patron fënnt een och op govjobs.lu.