Kollektivvertrag am BankesecteurNegociatiounen, déi sech schwiereg annoncéieren

Pit Everling
Um Mëttwoch hu sech d'Banken-Associatiounen ABBL, d'Assurancë-Vereenegung ACA an d'Gewerkschafte gesinn, fir iwwert de Kollektivvertrag ze verhandelen.

Et war déi 1. Verhandlungsronn.

Dem OGBL no leien dräi Revendicatiouns-Katalogen um Dësch: dee vun der Bankenassociatioun ABBL, dee vun der Bankegewerkschaft Aleba an dee vun den anere Gewerkschaften OGBL an LCGB.

Tëscht de Salariats-Vertrieder ass den Ament déck Loft.

OGBL an LCGB reprochéieren der Aleba, datt se am Alleingang en Accord de principe mam Patronat ausgehandelt hätt.

D'Aleba fir hiren Deel wërft den zwéin anere Syndikater vir, e falsche Skandal wëllen héichzespillen an den Debat ze politiséieren.

Déi nächst Reunioun ass den 13. Januar.

Back to Top
CIM LOGO