
Géint 7.35 ass eng Foussgängerin op der Héicht vun der Kräizung Route du Vin mat der Rue de la Moselle um Zebrasträifen iwwert d'Strooss gaangen. E Won, deen aus Richtung Mäertert koum, krut d'Fra ze paken, déi op de Buedem geschleidert gouf. D'Foussgängerin gouf liicht blesséiert a koum an d'Spidol.
D'Pompjeeë vu Mäertert an d'Ambulanz vu Jonglënster waren op der Plaz. Duerch den Accident koum et zu Problemer am Trafic.
Eréischt e Méindeg den Owend goufen direkt 2 Persounen ugestouss, eng zu Rodange an eng zu Bouneweg.
D'lescht Woch e Freideg gouf zu Esch eng Persoun ugestouss an hat dat net iwwerlieft.