
D'EU-Kommissioun huet den 22. Juni annoncéiert, datt d'EU-Waasserschutzdirektiv onverännert bleift. Eng Annonce, déi Natur&ëmwelt begréisst, vue datt et opgrond vun Drock vun enger Partie Memberstaaten e Risk gouf, datt d'Richtlinne kéinten ofgeschwächt ginn, heescht et an engem Communiqué vun der Ëmweltorganisatioun.