Table Ronde iwwer CoronaNächst Well kënnt, ma keng gréisser Hausse bei Hospitaliséierungen erwaart

Claudia Kollwelter
Weider Theme waren den Ëmgang mat den Impfskeptiker, eng méiglech drëtt Impfung fir jiddereen an eng obligatoresch drëtt Spëtz fir Soignanten.

Wisou huet d'Corona-Pandemie sech esou séier verspreet? Wéini kënnt déi nächst Well? A misst een net awer eng Impfflicht aféieren? Ënnert anerem dat ware Froen déi en Donneschdeg am Kader vun enger Table Ronde iwwert d'Pandemie am CHL gestallt goufen.

Table Ronde iwwer Corona / Reportage Claudia Kollwelter

D'Globaliséierung a keng Immunitéit: dat wieren d'Haaptgrënn fir den Erfolleg vun dëser Pandemie, hunn d'Invitéeë vun der Table Ronde alleguer betount. De Vic Arendt, Spezialist fir Infektiounskrankheeten am CHL huet ënnerstrach, datt een net genuch Léieren aus aner Pandemië gezunn hätt. Net fréi genuch de Mask obligatoresch gemaach huet an ze vill Wäert op d'Handhygiène geluecht huet. Sécher ass déi wichteg, mä an enger Infection respiratoire ass ganz kloer de Mask méi wichteg wéi d'Handhygiène.
 

Dem Virolog vum Luxembourg Institute of Health Claude Muller no kéimt sécher elo am Hierscht eng nächst Wëll. D'Fro wier allerdéngs, wéi déi ausgesi wäert. Also fir mech ass d'Well net méi d'Inzidenz, mä d'Hospitalisatiounsinzidenz. An do sinn ech optimistesch, dat mer keng Hausse wäerten an der Hospitalisatioun hunn a virun allem op der Intensivstatioun.
 
Eng kruzial Fro wier weider déi vun den Impfunge vum Fleegepersonal, seet de Vic Arendt. Et gëtt keng obligatoresch Impfung a kengem Domaine, dofir déi Retizenz, fir de Schratt ze maachen. Ech géif et awer wënschenswäert fannen, wann d'Impfung obligatoresch fir Soignantë wier!
 
Fir de Paul Wilmes vun der Uni Lëtzebuerg geet et net méi duer mat den haarde Wëssenschaften eleng un de Problem vun den Impfskeptiker oder -géigner erunzegoen. Ech menge mir hunn Impfstoffer a Rekordzäit entwéckelt, déi effikass sinn. Elo ass et eng Saach, déi d'Sozialwëssenschaften ugeet. Mir musse verstoen, wisou sou vill Leit sech net wëllen impfe loossen.
 
Et misst een dat besser verstoen an dann awer versichen, op déi Leit zouzegoen, huet de Paul Wilmes nach betount.

E weidert Thema war déi drëtt Impfung, déi elo komme kéint. Do huet de Claude Muller sech op d'Resultater aus Israel beruff. Et ass wierklech en dramateschen Ënnerscheet tëscht drëtten an zweeten Dosissen. De Grond, wisou eis Regierung do méi zréckhalend ass, ass en etheschen. Dat läit dorun, datt d'WHO eigentlech net recommandéiert, datt all d'Länner déi eng zweet Dosis duerch hunn, elo eng Drëtt sprëtzen, wärend op anere Kontinenter grad emol e puer Prozent vun der Populatioun geimpft sinn.

De Vic Arendt huet donieft nach betount, datt d'Chifferen aus Israel par Rapport zu enger drëtter Impfung wuel impressionant an interessant wieren, een awer bis elo ebe just eng esou eng Etüd hätt, op déi ee sech beruffe kéint. An et bis elo nach kee globale Konsens géif ginn, datt et en Interêt gëtt, fir jiddereen eng 3. Kéier ze impfen.

Back to Top
CIM LOGO