Zesummen fir InklusiounNach villes net gekläert, sou de Reproche un den Educatiounsministère

RTL Lëtzebuerg
D'Eltere vu Kanner mat spezifesche Besoine sollen de Choix kréien, op se hir Kanner vum Méinden un, nees missen an d'Schoul schécken oder net.

Dat fuerdert d'asbl Zesummen fir Inklusioun.
An engem Bréif un den Educatiounsminister Meisch, kritiséiert d'ZEFI, datt nach villes net gekläert wier. Zum Beispill wat den Transport oder d'Disponibilitéit vun de Referenzpersounen ugeet.

D'ZEFI freet och, firwat een net eng Adaptatiounphase fir Kanner mat spezifesche Besoine kéint virgesinn, mat nëmmen e puer Stonne Schoul.

PDF: Schreiwes un de Claude Meisch

Back to Top
CIM LOGO