Belsch Nuklear-DechargenNach keng Iwwerleeungen, wou den Atomoffall kéint stockéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
An enger éischter Phas waart d’Ondraf op d’Avise vun de belschen Instanzen an der belscher Populatioun.
Belschen nuklearen Offall
An enger éischter Phase waart d’Ondraf op d’Avise vun den belschen Instanzen an der belscher Populatioun.

Am Dossier belsch Nuklear-Dechargen, huet d’Ondraf, dei belsch Autoritéit fir d’Gestioun vu nuklearem Dreck, wësse gedoen, datt bis ewell nach keng Iwwerleeungen iwwer Sitten gemaach goufen, wou belschen Atomoffall an Zukunft kéint stockéiert ginn. Dat Ganzt hat bei der Lëtzebuerger Regierung fir Onversteesdemech gesuergt, well eventuell Nuklear-Dechargen no bei der Lëtzebuerger Grenz kéinte gelagert ginn. Virun kuerzem konnten Gemengen an ONGen Avisen un d'Lëtzebuerger Regierung, grad ewéi déi belsch Autoritéiten schécken.

An enger éischter Phas waart d’Ondraf op d’Avisen vun den belschen Instanzen an der belscher Populatioun. Dowéinst mécht se aktuell nach keng Iwwerleeungen, ob wéi enge Sitten déi radioaktiv Decheten an Zukunft kéinte stockéiert ginn.

D’Prozedure wäert nach eng Dosen Joren daueren. An den nächste Joren wäerten eng 13.000 Meter Kibb u radioaktivem Offall aus belschen Atomzentralen bei eisen belsche Noperen gelagert ginn. Aktuell gëtt de Nukleardreck am Lager zu Dessel provisoresch stockéiert. Dat well all d’Alternativen refuséiert goufen, esou d’Ondraf.

Och hei am Land hunn ënnert aanerem de Syvicol an Greenpeace Avisen un d'Lëtzebuerger Regierung, grad ewéi un déi belsch Autoritéite geschéckt. Fir de Syvicol,hätt den eventuelle Stockage no un der Lëtzebuerger Grenz Repercussiounen op geologesch Couchen hei am Land.

Fir Greenpeace gëtt et dann och eng Alternative zum geologeschen Stockage vu nuklearem Offall. Greenpeace huet dann och Bedenken, doriwwer wéi Lëtzebuerg iwwert den Dossier informéiert gouf. Dat Ganzt wier net konform mat internationale Conventiounen gewierscht.

Back to Top
CIM LOGO