Invité vun der Redaktioun (2. Abrëll) - Mylène BianchyBeim Mindestloun muss "eppes ënnerholl" gi wéinst den héije Liewenskäschten

François Aulner
Um Donneschdeg de Moie waren d'Aggressiounen am ëffentlechen Transport Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Mylène Bianchy, Presidentin vun der Eisebunnergewerks
Um Donneschdeg de Moie waren d'Aggressiounen am ëffentlechen Transport Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Beim Mindestloun muss "eppes ënnerholl" gi wéinst den héije Liewenskäschten, dorënner virop de Logement. Dat sot d'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux en Donneschdeg de Moien hei op RTL. D'Mylène Bianchy huet an deem Sënn och hir Solidaritéit mat der Gewerkschaftsunioun OGBL an LCGB ausgeschwat.

Och wann d'Eisebunner an der Fonction Publique assimiléiert sinn, sot si, et kéint dem Secteur public just gutt goen, "wann d'Kolleegen am Privatsecteur och dat kréien, wat se zegutt hunn". Si wier besuergt iwwert den Ëmgank vun der Regierung mat de Gewerkschaften. D'Regierung misst zwar hir Responsabilitéit huelen, mee d'Presidentin vum Syprolux huet bedauert, datt se op "Konfrontatiounskurs" mat de Gewerkschafte wier.

Wat de Gehälteraccord beim Staat fir déi nächst zwee Joer ugeet, wier et nach ze fréi, fir ze soen, a wéi eng Richtung d'Verhandlunge wäerte goen. D’Mylène Biancy sot, si kéint sech awer scho virstellen, datt wann d’Regierung bei deenen engen "de Rimm wéilt méi enk schnallen", se dat och wëlle bei der Fonction publique probéieren ze maachen. Si huet awer ënnerstrach, datt ee weider an den ëffentleche Secteur misst investéieren, well ouni dee géing d’Ekonomie och net funktionéieren.

Leit hunn zanter Covid "bedeitend méi kuerz Zündschnouer"

E weidere Sujet war d'Sécherheet am ëffentlechen Transport. D'Zuel un Aggressiounen, déi am Zuch, Bus oder Tram gemellt ginn, klëmmt méi ewéi d'Zuel u Passagéier, sou d'Presidentin vum Syprolux. D’Mylène Bianchy huet och vu véier Fäll vu physescher Gewalt géint Zuchpersonal zanter Ufank vum Joer bericht. D'physesch Gewalt geet vu bis: een, dee gestouss gëtt, mee och Schléi ouni oder mat Verletzung. An da gëtt et nach sexuell Belästegung. Beim Personal wier d'Hausse vu Fäll 31,5 Prozent. A Punkto Aggressiounen tëscht Passagéier wier ee bei bal 11 Prozent.

Zanter der Covid-Pandemie géingen d’Leit "anescht ticken", sou d’Mylène Bianchy. Se hätten eng "bedeitend méi kuerz Zündschnouer". Donieft weisen d’Zuelen, datt déi meescht Aggressiounen am Nomëtte sinn. Huet et eppes mam Stress ze dinn? Der Presidentin vum Syprolux no kéint de Phenomen op Verspéidungen zeréckzeféiere sinn an/oder op Zich a Busser, déi iwwerfëllt sinn.

D'Systemer, fir Fäll ze mellen, wiere schonn zanter 10 Joer amgaangen, verbessert ze ginn, notamment duerch digital Moyenen an et géing sensibiliséiert ginn. Fir dissuasiv oder preventiv ze sinn, misst et der Syprolux-Presidentin no awer méi Kamera-Iwwerwaachung ginn oder nach Sécherheetswänn fir d’Chauffeuren an de Busser. Donieft bräicht et Sécherheetspersonal an de Garen an an den Zich, an eng besser Zesummenaarbecht mat der Police. Dat géing och kontinuéierlech ausgebaut ginn: bei den CFL wier d'Zil dëst Joer, datt 15 Prozent vun den Zich vun zousätzlechem Personal solle begleet ginn.

Um Donneschdeg de Moie waren d'Aggressiounen am ëffentlechen Transport Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO