Als weltfriem bezeechent d'Blanche Weber d'Duerstellung vum Premier op der Tribün vun der Vollversammlung vun de Vereenten Natiounen. Lëtzebuerg quasi als Musterland am Klimaberäich duerzestellen, do kënne mir just de Kapp rëselen, sou d'Presidentin vun der Ëmweltgewerkschaft. De Mouvement Ecologique fuerdert méi politesche Gestaltungswellen am Interêt vun den nächste Generatiounen. E Systemwiessel wier néideg. Déi Responsabel vum Mouvement Ecologique sinn onzefridden, wat d'Aarbecht vun der ganzer Regierung ubelaangt.
Des Regierung hätt et, nodeems se ee Joer am Amt ass, absolut verpasst d'Land zukunftsfäeg ze maachen. An op Europäeschem Niveau déi néideg Reformen anzekloen, sou d'Blanche Weber.
D'Zieler vum Paräisser Klimaofkommes géif een net mat Gepiddels erreechen.