
De Moulin Dieschbourg zu Iechternach ass antëscht bei der Valorlux enregistréiert an deemno konform zum Verpakungsgesetz, dat geet aus der Äntwert vun der Ëmweltministesch un den adr-Deputéierte Fred Keup ervir.
D'Dieschbourgsmille war virun e puer Wochen an der Press, well bekannt gi war, datt de fréiere Betrib vum Carole Dieschbourg net Member bei Valorlux ass, fir d'Verpakunge vun hire Produiten adequat z'entsuergen, sou wéi et vum Gesetz hier virgeschriwwen ass. D'Mille war doropshi vun der Ëmweltverwaltung ugeschriwwe ginn a gouf opgefuerdert, d'Gesetz z'applizéieren.
Et ass iwwregens net gesetzlech festgehalen, ob a wéi e Betrib réckwierkend e Bäitrag un d'Valorlux bezuele muss, wann ee réischt zu engem spéideren Zäitpunkt Member gëtt.