
Éischten Informatiounen no ass de Motorradsfuerer mat senger Maschinn dem Auto hannendrop gerannt, sou d'Police. De Motocyclist gouf bei der Kollisioun schwéier blesséiert. Geschitt ass den Accident e Mëttwoch am Nomëtteg um Boulevard Friedrich Wilhelm Raiffeisen zu Gaasperech.