
Kuerz Zäit drop gouf dee selwechte Moto mat zwou Persounen drop op enger Tankstell op der Escher Autobunn gemellt, wéi en déi falsch Richtung Ausfaart Direktioun Rue de Mondercange geholl huet. De Moto konnt méi spéit zu Steebrécke gestoppt a kontrolléiert ginn.
De Bäifuerer hat zwou oppe Béierbéchsen am Grapp. Den Alkoholtest beim Chauffeur war positiv. Op Nofro bei de franséischen Autoritéite sinn d'Beamte gewuer ginn, dass de Chauffeur kee valabele Führerschäin hat.
De Bäifuerer huet sech iwwerdeems opfälleg aggressiv verhalen an ass virun de Policeauto gesprongen, wéi dëse wollt fortfueren. Déi betraffe Persoun gouf matgeholl op de Policebüro, well se fir sech a fir aner eng Gefor duergestallt huet. De Chauffeur vum Moto gouf protokolléiert.