
De Mann war a Richtung Wäicherdang ënnerwee, wéi hien an enger Rietskéier mat der Maschinn vun der Fuerbunn ofkoum a gefall ass. Den Ongléckleche gouf an e Feld geschleidert a schwéier un de Been blesséiert.
Hie koum mam Rettungshelikopter an d'Spidol. Wéi d'Police präziséiert, huet keng Liewensgefor bestanen.
De CGDIS mellt 3 Bränn. Géint 11.35 Auer huet Gestrëpp laanscht d'CR310 tëscht Bungeref a Bauschelt gebrannt. D'selwecht wéi no 16 Auer zu Bettel. E Feier gouf et donieft nach géint 15.45 Auer an engem Bësch an der Bigelbaach.
Zu Diddeleng krut en Automobilist um 15.40 Auer e Vëlosfuerer ze paken. Hei gouf et 2 Blesséierter.