
De Motocyclist gouf esou schro blesséiert, dass en nach op der Plaz gestuerwen ass. Beim Affer handelt et sech ëm e 24 Joer ale Mann vun Esch.
De Boulevard de Gaulle war fir e puer Stonne komplett fir den Trafic gespaart.
Op der Plaz waren nieft dem Escher Samus-Dokter, och d’Ambulanz an d’Pompjeeë vun Esch a Monnerech, grad wéi de Service de support psychologique an de Miess- an Erkennungsdéngscht.
Eréischt e Samschdeg de Moie fréi war um Hareler Poteau e jonken Automobilist vun 21 Joer mat sengem Auto an e Bam gerannt an hat dat net iwwerlieft.