
Dat well jo en neit Konzept ausgeschafft gouf an dës Objeten net méi an den neie Centre Mosellan, esou de Numm vum neie Musée, passen. Datt d'Miseler Patrimoine einfach esou verkaf gëtt, suergt den Ament fir Diskussiounen. Objeten, déi Miseler Famillen dem Musée an de 70er Joren zur Verfügung gestallt haten. 4.800 € si bei der Stee zesummekomm.
Eng al Päerdskutsch – Se kënnt net an den neie Centre Mosellan an och de Peppenger Kutschemusée wollt se net. 350 € war se deem neie Proprietär wäert, dee se dann elo mat Heem kann huelen. Wien dat ass, gouf offiziell net bekannt. Fir de Verglach, e Lot mat ënner anerem enger Buermaschinn, Zaangen, Hummer an Amboss goung fir 501 € fort. Eng al Sprëtzkar, Drauwemillen an en Uewe goufen zesumme fir 1.005 € gesteet. An da ginn et déi aner verluere Séilen, déi kee wollt. 17 Loten bleiwen um Enn nach iwwreg. An elo?
D'Erklärung vum President vun der Entente Touristique de la Moselle, Léon Gloden, de leschte Sonnde: Wa villes géif iwwreg bleiwen, da géif ee kucken, fir déi ze verschaffen. Et hätt een awer, obschonns dat deemools net gutt dokumentéiert gouf, trotzdeem gekuckt, fir deene Leit hir Objeten erëmzeginn, wou gewosst war, datt si dem Musée Objete geléint haten.
Ze verschaffe bleift op alle Fall genuch. Wéngertspléi, al Sprëtzgeschier, Fässer, Eemeren an nach villes méi. Op Nofro hi kréie mir awer confirméiert, datt nach weider Gemenge sech an de leschten Deeg gemellt hätten an datt d'Entente plangt, e puer Objeten ze halen. Mam Erléis vun der Stee sollt herno beim neie Centre eng Skulptur finanzéiert ginn. Eisen Informatiounen no hëlleft awer elo den Tourismusministère d'Skulptur ze bezuelen.
Et géif een elo zesumme mam Staat e Kënschtler beoptragen, fir eng Figur am Haff vum neie Musée ze installéieren, als Erënnerung un all déi Leit, déi hir Objeten zur Verfügung gestallt hunn. Et wier een dowéinst och schonns am Gespréich mam Tourismusminister gewiescht.
Knapp 4.800 € koume bei der Stee zesummen. Ma et geet hei awer ëm dat Emotionaalt an ëm de Miseler Patrimoine. Esou munch engem seng Grousselteren hunn dem Musée deemools jo eventuell eppes zur Verfügung gestallt. Al Maschinnen a Stécker déi d'Geschicht erziele vun de virëschte Generatiounen, vun der Aarbecht a vum Liewen op der Musel. Genee dat soll jo dann elo deen neie Centre Mosellan iwwerhuelen, versprécht de Präsident vun der Entente Touristique.