Méi héich Loyere fir Studenten op Esch/BelvalMinistere Meisch a Kox confirméieren administrative Feeler

Roy Grotz
Iwwerraschung fir 31 Studente vun der Uni.lu, déi rezent matgedeelt kruten, datt de Loyer vun hirer Studentewunneng op Esch/Belval an d'Luucht gesat gëtt.

D'Chamber hat jo decidéiert, datt all d'Loyere wéinst der Pandemie bis den 30. Juni agefruer bleiwen.

An deem Kader confirméieren d'Ministere Meisch a Kox, datt d'Studenten esou e Bréif vun der Uni kruten, mee datt dëst en administrative Feeler war, deen entretemps redresséiert gouf. D'Studenten mussen deemno kengHausse vum Loyer bezuelen.

Datt et zum Feeler koum bezeechnen d'Ministeren als "bedauerlech".

Et gëtt awer och ernimmt, datt eng 80 Studenten dervun profitéiert hunn, fir hire Loyer an der Zäit ze strecken oder ze reportéieren.

Fir keng Studenten an d'finanziell Prekaritéit rëtschen ze loossen, goufen iwwerdeem zanter Mäerz zejoert Bourssen an Iessbongen an Héicht vun 230.000 Euro ausbezuelt. Donieft kruten 10 Unis-Studenten en neien Laptop bezuelt.

Dës Indikatioune mécht d'Regierung op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den LSAP-Süddeputéierten Yves Cruchten a Georges Engel.

Back to Top
CIM LOGO