Chamberkommissioun LandwirtschaftMinister stellt Mesurëpak an Aussiicht

Claudia Kollwelter
No der Päischtvakanz wëll den LSAP-Landwirtschaftsminister Romain Schneider e Package fir de Secteur presentéieren.

Et misst an d’Zukunft vun der Landwirtschaft am Wäibau investéiert ginn. Dat huet de Romain Schneider um Donneschde Mëtteg am RTL-Interview betount. Der zoustänneger Chamberkommissioun huet hien do virdrun en éischte Bilan vun den Auswierkunge vun der Corona-Kris presentéiert.

De Landwirtschaftsminister wëll op e puer Plazen usetzen: "D’Promotioun vun de Produiten, d‘Agrargesetz, nei Plaffonge sëtzen." D'Landwirtschaftskummer soll nei opgestallt a gestäerkt ginn, fir dem Secteur déi néideg Moyenen ze ginn, fir der Politik Propositiounen ze maachen.

Wichteg wier virun allem eng Relance vum Secteur, op déi sech och bei der Adaptatioun vum aktuellen Agrargesetz soll fokusséiert ginn. D’Investissementer solle weider héich gehale ginn, sou de Romain Schneider. Nach wier et awer ze fréi, fir de Punkt ze maachen. Et misst een déi international Marchéë suivéieren a kucke wat dono beim Bauer tatsächlech ukënnt.

Sënnvoll Mesuren an den Ae vun der gréisster Oppositiounspartei déi si och begréisse géifen. Dat sot d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen no der zoustänneger Chamberkommissioun. De Minister hätt allerdéngs keng weider Detailer genannt, an dat wier ze bedaueren. Méi konkret Mesuren erwaart sech d'Martine Hansen zum Beispill an der Ënnerstëtzung vun der regionaler Produktioun a Consommatioun.

De Minister hätt op de Bio-Aktiounsplang higewisen, ma dee wier der CSV net konkret genuch. Et misst een zum Beispill eventuell de Budget an de Klinicken an Altersheemer erhéijen, fir datt si méi regional Produite kéinten akafen, déi méi deier kéinte sinn. D'Martine Hansen versteet net, firwat dat ëmmer misst iwwert e Grossiste lafen: "Mer soen direkt Vermaartung an déi méi lokal Vermaartung wier gutt, wisou kënnen esou Ubidder net matmaache fir an déi Kantinnen ze liwweren."

Nach hätt ee keng Äntwerten dorop kritt, mee der Martine Hansen no misst een awer an déi Richtung iwwerleeë fir d'Landwirtschaft konkret ze stäerken.

Back to Top
CIM LOGO