
Doriwwer huet en zefriddene Verdeedegungsminister François Bausch déi Deputéiert an den zoustännege Kommissiounen informéiert. Mat Iwwerraschunge wier elo net méi ze rechnen.
2018 war festgehale ginn: Lëtzebuerg soll en Observatiouns-Satellit kréien. Kaschte sollt dësen 170 Milliounen Euro, an e Bäitrag vum Land zu der Nato sinn. Zwee Joer méi spéit dann déi grouss Iwwerraschung: De Satellit sollt mat 309 Milliounen Euro bal duebel souvill kaschten a Responsabilitéite wien den Satellit exploitéiert wieren net kloer definéiert.
E Méindeg awer koum de Grénge Verdeedegungsminister François Bausch mat enger bësse méi positiver Nouvelle op de Krautmaart, wat de Budget vum Projet. „Mir léie 35 Milliounen ënnert dem Budget am Moment. Mir hunn elo quasi vun alles op d'mannst entweder Kontrakter oder Offere virleien. Dofir hu mer eng Marge", sou de Minister.
Well nach net all d'Kontrakter ënnerschriwwe wiere kéinten zwar nach kleng Saachen änneren, mä dofir hätt ee jo de Puffer vu 35 Milliounen Euro. Eng Offer déi nach opsteet, ass déi fir d'Exploitation au sol. Hei muss e Recours ofgewaart ginn. Budgetär wier awer net mat groussen Ännerungen ze rechnen.
Eng Nouvelle, iwwer déi sech d’CSV Oppositioun freet ass, dass d'Arméi anescht, wéi et rezent nach geheescht huet, awer elo soll mat an de Projet agebonne ginn. Déi Deputéiert Diane Adehm begréisst, dass d'Arméi kann iwwert deen dote Wee Kompetenzen opbauen. An dass si dann eng Kéier, wann de Militärsatellit net méi flitt, dës dann och weiderhin huet. Si sot och nach, dass d'CSV ni géint de Projet gewiescht wier, mä et wier laang ze noléisseg mat de Suen ëmgaange ginn.
D’Pirate sinn a ware géint en Observatiounssatellit, seet den Deputéierte Marc Goergen. Elo awer wier een nach méi dogéint, well sech erausgestallt huet, dass d’Biller, déi de Satellit mécht, einfach gratis géinge verschenkt ginn. Och, dass de Satellit nëmme maximal zéng Joer ka genotzt ginn, an dat bei deem Montant, deen investéiert gëtt, kritiséiert hien.
An der Presentatioun vun e Méindeg an den zoustännege Chamberkommissioune verdeedegt d'Defense awer de Projet. De Militärsatellit wier um gudde Wee a mécht international op sech opmierksam, heescht et vun der Direktioun vun der Defense. E Programm Luxeosys wier wichteg, fir datt ee sech op Lëtzebuerg kéint verloossen a well een dem Grand-Duché a sengen Alliéierte géing ze gutt kommen. Déi nächst Etapp vu Luxeosys gesäit vir, datt d'Kontrakter mat de verschiddenen Déngschtleeschter finaliséiert solle ginn. Duerno soll OHB Italy e „critical Design Review" vum Buedem-Segment a vum finaliséierte Satellit maachen, steet weider am Communiqué ze liesen.
François Bausch dresse un état des lieux du programme LUXEOSys devant la commission de la Sécurité intérieure et de la Défense et la commission du Contrôle de l'exécution budgétaire de la Chambre des députés (11.10.2021)
Communiqué par: Direction de la défense
Le 11 octobre 2021, le Vice-Premier ministre, ministre de la Défense, François Bausch, a dressé un état les lieux du programme satellitaire LUXEOSys devant les membres de la commission de la Sécurité intérieure et de la Défense et de la commission du Contrôle de l'exécution budgétaire de la Chambre des députés.
Le programme LUXEOSys a été créé par la loi du 14 août 2018, autorisant le gouvernement à acquérir, lancer et exploiter un satellite et son segment de sol destiné à l'observation de la terre. La loi du 4 décembre 2020 a autorisé une augmentation des dépenses destinées au programme satellitaire à un maximum de 309 millions d'euros.
François Bausch a expliqué dans son intervention que les procédures en vue de l'adaptation des anciens contrats ainsi que l'élaboration et la finalisation des nouveaux contrats du système gouvernemental d'observation par satellite avancent et respectent les délais prévus.
Le ministre de la Défense a par ailleurs souligné que les prévisions actuelles prévoient une marge budgétaire d'une trentaine de millions d'euros pour l'intégralité du projet.
François Bausch a déclaré devant les députés que: «J'ai constaté lors des discussions avec mes homologues que le projet LUXEOSys suscite un très grand intérêt auprès de nos pays et organisations partenaires et qu'il y existe une réelle demande et un réel besoin en imagerie satellitaire auprès d'eux.» Et de conclure: «Le LUXEOSys permettra non seulement au Luxembourg de respecter ses engagements internationaux en matière de défense, mais surtout de renforcer son tissu spatial et sa crédibilité ainsi que sa renommée dans le domaine spatial et de démontrer que nous sommes un partenaire solidaire et fiable.»