Iwwer den Zonk gehäitMierschwéngercher am Escher Déierepark ausgesat

RTL Lëtzebuerg
Am September goufen eng 30 Mierschwéngercher am Escher Déierepark ausgesat. Einfach iwwer den Zonk gehäit.
Mierschwéngercher am Escher Déierepark ausgesat
Mëtt September goufen d'Déiere fonnt, ausgesat, well wuel ee keng Loscht hat, respektiv Zäit se ze versuergen.

Mëtt September hunn d'Mataarbechter am Escher Déierepark net schlecht gestaunt. Moies bei der Fidderung sinn hinne Mierschwéngercher opgefall, déi iwwer d'Nuecht hu missen do ofgesat ginn sinn. Eng 30 Stéck. D'Déiercher goufen iwwer en 1,80 Meter héijen Zonk gehäit.

Si waren all ängschtlech a verwëldert. Mëttlerweil geet et den Déiere besser. Si goufe mat Hëllef vun engem Déierendokter nees opgepäppelt.

Back to Top
CIM LOGO