Invité vun der Redaktioun (8. Mee) - Michelle FriedericiEt misst een och dierfe bauen, ouni "d’Ham an der Mëllech ze kachen"

François Aulner
E Freideg de Moie war déi administrativ Vereinfachung Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Michelle Friederici
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Am Bausecteur leeft et nach ëmmer net esou ewéi virum Ufank vun der Baukris, der Hausse vun den Zënsen a vun de Baukäschte viru véier Joer. Och wann et bësse méi Aktivitéit um Privatmarché géing ginn, sou d'Presidentin vum Ordre des architectes et ingénieurs e Freideg de Moien hei op RTL. D'Michelle Friederici huet Zuele genannt: zanter September wier d'Zuel vun Architektebureaue vu 516 op 510 erofgaangen. Goufen et nach virun 9 Méint 5.700 Beschäftegter am Secteur, esou wieren et der haut 140 manner.

Als eng vun den Ursaachen huet d’Presidentin vum OAI d'Retizenz vu Säite vun de Banke genannt. Engersäits, well bei gréissere Projeten nach ëmmer bis zu véier Fënneftel um Plang muss verkaf sinn, fir e Kredit accordéiert ze kréien. Anerersäits géing et och fir "kleng Bauhären", déi en Immobilieprêt bräichten, ze héich Ufuerderungen. Confrèren hätten hir gemellt, datt Banken zum Beispill eng gewëss Energieklass géinge fuerderen, déi de Staat net emol virschreift. Dat misst een iwwerdenken, esou d’Michelle Friederici.

Am Zesummenhang mat Finanzéierungschwieregkeeten, huet d'Architektin och eng Rei aner Pisten opgeworf. Engersäits Normen a Punkto Sécherheet, Ekologie, Accessibilitéit, déi zwar all vun enger gudder Intentioun ausginn, mee en héije Präis hunn. D’Michelle Friederici sot, de Problem wier, mat den aktuelle Reegele wier ee gezwongen "d’Ham an der Mëllech ze kachen".

Dobäi plädéiert den OAI schonn zanter enger Zäit fir de "Gebäudetyp E", wou ee ka méi einfach bauen, mee d'Haftung, d'zivil Responsabilitéit, reduzéiert gëtt. De Logementsministère hätt eng Rei "ganz gutt" Cahier des charges mat minimalen Ufuerderungen, mee op der anerer Säit géing et der Presidentin vum OAI no a gewësse kommunale Bautereglementer méi héisch Ufuerderunge ginn, ewéi zum Beispill méi grouss Kummeren.

"K.I.-gerecht" Reegelen, fir Widderspréch ofzebauen

Dowéinst kéint en nationaalt Bautereglement, dat déi 100 kommunal géing ersetzen, scho vill hëllefen. Dat ass ee vun de ville Projeten, déi sech an d'administrativ Vereinfachung aschreiwen, déi CSV-DP Koalitioun als Moyen identifizéiert huet, fir datt "méi a méi séier" ka gebaut ginn. D'Aarbechte si bal ofgeschloss, sou d’Michelle Friederici. Si huet betount, datt d'Gemengenautonomie net a Fro gestallt wier. Wichteg wier, datt den Text "K.I.-gerecht" geschriwwe gëtt.

Wat heescht "K.I.-gerecht"? Ma Widderspréch, déi et tëscht de Bautereglementer vun den 100 Gemengen a Widderspréch mat anere Reegelen am Bau ofzebauen. D'Presidentin vum OAI huet eng Rëtsch Beispiller genannt: d’Gréisst vun enger Trap, ewéi héich ass e Plaffong, wéi gëtt eng Corniche berechent. Et wier en "Dschungel" an d’Michelle Friederici huet et mam Code de la route verglach: "do fueren ech och an all Gemeng déi selwecht Vitess".

Eng Rei aner Mesure ginn nach weider verhandelt, anerer ewéi Adaptatioune vun de Prozedure fir d’kommunal Bebauungspläng (PAG a PAP) si schonn deposéiert a méi kleng Mesure goufe schonn ëmgesat. D’Michelle Friederici huet Verbesserungen um Geoportail a MyGuichet begréisst. Déi Verbesserunge kompenséieren awer net d'Widderspréch an de Baureegelen, esou d'Presidentin vum OAI.

Invité vun der Redaktioun: Michelle Friederici

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO