Aflossräichsten Decideure vum LandMichèle Detaille kritt de Paperjam Top 100 Award

RTL Lëtzebuerg
Eng 8. Kéier huet d'Business-Zeitung Paperjam de Präis vun den aflossräichsten Decideuren hei zu Lëtzebuerg verdeelt.
Wien ass 2020 an den „Top 100" vu Lëtzebuerg vertrueden?
Eng 8. Kéier verdeelt d'Business-Zeitung Paperjam de Präis vun den aflossräichsten Decideuren hei am Land.

Als grouss Gewënnerin geet d'Michèle Detaille, Presidentin vun der Fedil ervir. D'Jury huet si un d'Spëtzt vum Klassement gewielt, well si sech an hirer Roll als Chef d'Entreprise, Member vum Conseil d'Administration a Porte-Parole vun der Entreprise ëmmer géif mat voller Energie asetzen. Si konnt sech domadder virun der Françoise Thoma an dem Nicolas Buck behaapten.

E professionelle Jury huet zanter Wochen aus 1.000 Proposen, déi erakoumen, déi 100 wichtegst Leit erausgesicht. An der Zeremonie um Mëttwoch den Owend am Auditoire vu PWC goufen dunn déi 10 Éischt am Klassement virgestallt.

Fir d'Entreprisen an d'Decideure vum Land war 2020 sécher e ganzt aussergewéinlecht a schwieregt Joer. Mir hunn d'Top 10 dofir gefrot, wat si sech fir 2021 fir d'Land géife wënschen a wéi si déi nächste Méint aschätzen.

1. Michèle Detaille (Fedil)

Michèle Detaille
Déi 1. Plaz geet un d'Michèle Detaille (Fedil).

2. Françoise Thoma (BCEE)

Françoise Thoma
Déi 2. Plaz geet un d'Françoise Thoma (BCEE).

3. Nicolas Buck (Seqvoia)

Nicolas Buck
Déi 3. Plaz geet un den Nicolas Buck (Seqvoia).

4. Laurent Schonckert (Cactus)

Laurent Schonckert
Déi 4. Plaz geet un de Laurent Schonckert (Cactus).

5. Fernand Ernster (Librairie Ernster)

Fernand Ernster
Déi 5. Plaz geet un de Fernand Ernster (Librairie Ernster).

6. Sasha Baillie (Luxinnovation)

Sasha Baillie
Déi 6. Plaz geet un d'Sasha Baillie (Luxinnovation).

7. Nicolas Mackel (Luxembourg for Finance)

Nicolas Mackel
Déi 7. Plaz geet un den Nicolas Mackel (Luxembourg for Finance).

8. Marcel Leyers (BIL)

Marcel Leyers
Déi 8. Plaz geet un de Marcel Leyers (BIL).

9. Philippe Dupont (Arendt & Medernach)

Philippe Dupont
Déi 9. Plaz geet un de Philippe Dupont (Arendt & Medernach).

10. Nora Back (OGBL)

Nora Back
Déi 10. Plaz geet un d'Nora Back (OGBL).

Back to Top
CIM LOGO