Lex DellesMëttelstandsminister reagéiert op Kriticken vun der Horesca

Annick Goerens
D‘Hëllefen un d‘Betriber am Horeca-Secteur musse weidergoen, och am November an am Dezember. Dat ass d'Fuerderung vun der Horesca.

Eng katastrophal Impfcampagne, keng weider finanziell Hëllefe fir Betriber an en negativen Impakt vum CovidCheck op eng ganz Rei Restauranten a Bistroen.

Kriticken, déi een am Mëttelstandsministère awer net esou stoen léisst.

D‘Federatioun vun de Cafetieren a Restaurateuren freet notamment weider Aiden fir November an Dezember, well vill Betriber duerch de CovidCheck e finanziellen Impakt géinge spieren. Ausschléisse géing een à ce stade nach näischt. Et wier een derbäi, d‘Situatioun z'analyséieren, sou de Lex Delles

„Op den Dag vun haut hu mer iwwer d‘Classes moyennes un de Secteur eng ronn 200 Milliounen un Aiden ausbezuelt. Dobäi kommen nach ronn 248 Milliounen Chômage partiel. Et gesäit een an der ganzer Zäit, dass mer op engem Héichpunkt am Dezember 2020 eng 2.800 Demanden fir Aiden hei um Ministère erakomm sinn. Wann een dat elo vergläicht mat engem Mount September, gesäit een, dass sech de Secteur awer erholl huet. Do schwätze mer nach vu ronn 115 Demanden déi mer fir de Mount September erakritt hunn a fir de Mount Oktober sinn et eng ronn 50 Demanden, déi mer op den Dag vun haut erakritt hunn. Den europäeschen Kader gesäit vir, dass een nach ka bis Dezember 2021 Aiden ausbezuelen. […] An elo si mer ëmgaangen, d‘Situatioun z‘analyséieren, wat wierklech den Effekt ass vum Covid-Check op d‘Restauratioun a gegebenenfalls ginn och natierlech d‘Aiden verlängert bis de Mount Dezember.“

D‘Horesca reprochéiert der Regierung och, schlecht opgestallt ze sinn fir de Wanter. Et bräicht een an engem Krisenzeenario eigentlech verschidde Pläng- jee no Situatioun, déi d‘Regierung awer net hätt, sou de François Koepp.

Et wier och absolut net ze verstoen, dass Leit déi zum Beispill aus Amerika, England oder Kanada sinn, a mat de selwechten Impfstoffer vaccinéiert wieren wéi mir hei, net dierften an e Restaurant eran, well de Restaurateur net à même ass, fir deenen hir Coder um Impfpass ze scannen. Dat wier net eng europäesch Responsabilitéit, mä hei misst eis Regierung hire bon sense walte loossen. „Wat soll de Blödsinn do. Et muss een awer eng Kéier ophalen, d‘Leit fir  domm ze halen.

Dozou den Lex Delles:

„D‘Situatioun ass e bëssen méi komplex wéi, dat wat den Här Koepp gesot huet. Et ass esou, dass natierlech och aner Länner aner Impfungen zouloossen, déi net an Europa zougelooss ginn op der enger Säit. Anescht sinn och Delaien, déi an de Länner sinn, déi si vläicht anescht wéi déi an der EU. Dofir ass et wichteg, dass mer do als EU d‘Unerkennung maachen.“

De Mëttelstandsminister verdeedegt iwwerdeems och d‘Impfcampagne vun der Regierung. Et hätt een op ganz verschiddene Kanäl kommunizéiert an och mat Froeronne un den Direkter vun der Santé versicht, Ängschte an Zweiwel aus dem Wee ze raumen, sou den Lex Delles.

Back to Top
CIM LOGO