
Wéinst den héijen Temperaturen, déi an deenen nächst Deeg tëscht 34 a 36 Grad Celsius erreeche kënnen, ass e Mëttwoch d'Celulle d'evaluation zesummekomm, fir d'Situatioun z'analyséieren. Dat och en vue vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag. D'Autoritéiten erënneren nach eng Kéier drun, datt virop eeler Leit a kleng Kanner riskéieren, gesondheetlech Probleemer ze kréien, wann et esou waarm ass. Donieft besteet fir jiddereen de Risiko vun Dehydratioun a Sonnestéch.
Deemno heescht et vill Waasser drénken, dobanne bleiwen, d'Wunnenge kill halen, andeems Rideauen a Rolllueden zougemaach ginn, de Kapp bedecken an net ze vill Sport dobausse maachen.
Meteolux huet iwwerdeems zwou Alertë rausginn. Um Donneschdeg gëllt vun 12 Auer mëttes bis e Freideg Hallefnuecht eng Alerte jaune. E Freideg um Hallefnuecht trëtt dann eng Alerte orange a Kraaft. Dës gëllt bis e Samschdeg Hallefnuecht.