Conseil de GouvernementMesurë géint Drogekriminalitéit a Plang fir Rettungsécherheet

RTL Lëtzebuerg
Well en Donneschdeg an e Freideg d'EU- an NATO-Sommeten zu Bréissel sinn, war de Regierungsrot e Mëttwoch ewell beieneen.
© Didier Weber / RTL

Haaptpunkt war, nieft dem Update iwwert d'Covid-Situatioun, d'Unhuelen vun engem Mesurëpak géint d'Drogekriminalitéit. Dëse Katalog vu verschiddene Moossname gëtt e Freideg vun de fënnef Ministeren Asselborn, Kox, Lenert, Meisch an Tanson presentéiert.

Dann huet de Regierungsrot e Mëttwoch de PNOS, "plan national d’organisation des secours", ugeholl, dee vun der Inneministesch virgestallt gouf. Dëst ass jo de Nationale Plang, no deem d'Rettungsdéngschter vum CGDIS organiséiert an koordinéiert ginn. Ënnert anerem ginn am PNOS all d'Risken opgelëscht, déi potentiell eng Gefor fir d'Populatioun duerstellen.

Hei fannt Dir de komplette Communiqué vum Conseil de Gouvernement.

Back to Top
CIM LOGO