
An der Nuecht vu Samschdeg op Sonndeg gouf der Police géint 4.15 Auer eng Kläpperei an der Rue Belval zu Esch/Uelzecht gemellt, bei där dem Uschäin no och ee Messer an den Asaz koum. Um Buedem an un enger Rei Autoe goufe Bluttspuere fonnt.
Op der Plaz hunn d'Patrullen op der Parkplaz virun enger Disko eng gréisser Mënschenusammlung virfonnt, déi direkt opgeléist gouf. Et goufen allerdéngs keng Blesséierter fonnt. No enger kuerzer Sich hu si op der Gare zu Belval ee Mann ugetraff, dee Schnëttblessuren un der Hand hat. Hie misst an d'Spidol ageliwwert ginn.
De Poliziste goufen dunn aus der Klinik vun Esch dräi weider Persoune gemellt, déi mat engem Messer blesséiert gi waren. Ee vun hinne war schwéier verwonnt.
Déi bedeelegt Leit stoungen ënner Alkoholafloss a wollte keng Aussoen dozou maachen, wat geschitt war. Allgemeng wiere si ganz onkooperativ gewiescht, esou d'Police am Bulletin. Am Spidol konnt d'Police trotzdeem de presuméierten Täter festhuelen. Hie gouf dobäi observéiert, wéi hien onopfälleg ee Messer wollt lassginn. D'Waff konnt awer séchergestallt ginn.
De Parquet huet Spueresécherung an Optrag ginn an et goufe weider Ermëttlungen opgeholl.