Invité vun der Redaktioun (12. Oktober) - Meris Šehović"Et huet een d'Gefill, dass dës Regierung net an där Krisenzäit lieft, déi mir alleguerten esou wouerhuelen"

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war ënner anerem d'Immigratiounsaffär Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Meris Šehović
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Affär ëm frauduléis Immigratioun misst schounungslos opgekläert ginn, fir ze verhënneren, datt sech esou Mëssstänn widderhuelen. Dat sot de gréngen Deputéierte e Méindeg de Moien als Invité vun der Redaktioun. Et wier ee Skandal, dee schwéier weit a sech iwwer Jore gezunn hätt. Et geet ëm ronn 230 Dossiere vu Salariéen aus Drëttstaaten. Am Summer waren an deem Zesummenhang Perquisitiounen an zwee Ministèren, bei fënnef Entreprisen a bei Privatleit gemaach ginn.

Immigratiounsaffär: "Wie wosst wat, wéini?"

Fir de Meris Šehović bleift zentral, wie wéini iwwer d'Mëssstänn Bescheed wousst a firwat dës sech trotz bekannten Hiweiser konnte widderhuelen. Dat misst ouni Récksiicht opgekläert ginn, well esou eng Affär d'Vertraue vun de Leit an de Staat beschiedege kéint. Déi éischt Geriichtsurteeler, "Jugements sur accord", géife weisen, datt et net nëmmen op enger eenzeler Plaz Problemer gouf. Den Deputéierten verweist op gefälschten Adressen, fiktiv Aarbechtskontrakter a gefälschten Diplomer oder Sprooch-Certificaten. Hie gesäit dobäi Schwaachstelle bei de Gemengen, der ADEM, der Direction de l'immigration an dem Educatiounsministère. "Dat heescht, op all deenen dote Plaze sinn esou kleng Elementer, déi schif gelaf sinn an der Vergaangenheet an déi an der Zomm gemaach hunn, dass d'Leit sech konnte fir e puer 1.000 Euro onrechtméisseg Autorisations de séjour hei organiséieren. Dat ass natierlech inakzeptabel." Wärend d'Justiz déi Fäll natierlech eenzel behandelt, misst d'Chamber elo de System als Ganzt ënnert d'Lupp huelen. De gréngen Deputéierte geet dovun aus, datt verschidde Schwächten nach ëmmer bestinn. Dofir wier séiert Handelen néideg.

Denonciatioune goufen et schonn 2019

Op d'Fro no den Denonciatioune vun 2019 an der Verantwortung vu fréiere grénge Ministere gesäit de Meris Šehović kee weideren Klärungsbedarf. Den Inneministère hätt deemools d'Informatiounen un de Justizministère iwwermëttelt, deen dës un de Parquet weiderginn hätt. Duerno wier et un der Justiz gewiescht, iwwer déi weider Schrëtt ze decidéieren. De gréngen Deputéierten wëll virop keng "Chasse à l’homme" a fuerdert och keng Käpp. Et misst elo drëms goen, d'Lücken an den ëffentleche Verwaltungen zouzemaachen. Wann een an engem Joer op d'Affär zeréckkuckt, sollten déi haut identifizéiert Problemer behuewe sinn.

Ee "Schéin-Wieder-Budget" an stiermeschen Zäiten

Op d'Presentatioun vum Staatsbudget d'lescht Woch an der Chamber ugeschwat, seet de Meris Šehović: "Et huet een d'Gefill, dass dës Regierung net an där Krisenzäit lieft, déi mir alleguerten esou wouerhuelen." Jidderee géing lénks a riets e bëssen eppes kréien, mee am meeschte géifen a sengen Aen awer Leit mat ganz héije Salairen an Immobilien-Investisseure profitéieren, déi d'Spekulatioun virundreiwen.

Grad de Budget pluri-annuel géing him Suergen maachen, well d'Regierung do bei den Zukunftsinvestitiounen e Gang zeréckschalt. D'Investitioune fir den Ausbau vum Tram-Reseau géingen déi nächst dräi Joer ëm ronn 100 Milliounen Euro zréckgoen. Donieft géinge mer aus engem Rekordsummer komme mat extreemer Hëtzt an extreemer Dréchent "an trotzdeem gesi mer, dass zum Beispill d'Depensen am Waasserfong oder am Naturfong ëm 80 bis 90 Milliounen zréckginn iwwert déi nächst dräi Joer. [...] An dat ass déi Rechnung, déi da wäert muer nokommen an dat wäert eng deier Rechnung sinn an dat ass eigentlech ganz, ganz schued."

Staatsschold: Den Zweck vun den Ausgabe mécht den Ënnerscheed

Fir de gréngen Deputéierten ass et net nëmmen eng Fro vu méi oder manner Schold. Entscheedend wier, woufir de Staat déi Sue benotzt. Investitiounen an ëffentlech Infrastrukturen, Schoulen a Spideeler géife Schold rechtfäerdegen, well do konkret Besoine sinn. Mee de Meris Šehović reprochéiert der Regierung, dass si trotz Rekord-Recetten d'Schold weider erhéicht, virun allem duerch kuerzfristeg Konsumausgaben, déi awer duerno strukturell näischt un der Situatioun vum Land veränneren.

Escher Schäfferot: E gedeelt Mandat mat der Mandy Ragni

Seng Demissioun als Escher Schäffe wier no de leschte Gemengewalen an der grénger Lokalsektioun ofgemaach ginn, erkläert de Meris Šehović. Hie wier just liicht besser gewielt gi wéi d'Mandy Ragni, déi elo iwwerholl huet. Dofir hätte béid d'Walresultat awer als gemeinsamen Optrag verstanen an dofir decidéiert, d'Responsabilitéit ze deelen an dat och transparent kommunizéiert. D'Mandy Ragni hätt och schonn Erfarung am Schäfferot. De Meris Šehović begréisst och, dass am virdru reng männlech besate Schäfferot elo zwou Frae vertruede sinn. Hie selwer bleift am Gemengerot a wëllt déi gréng Projeten, zesumme mat senger Ekipp, weider virundreiwen.

Op eng méiglech Spëtzekandidatur fir déi nächst Gemengewale leet hie sech net fest. Esch wier awer seng Heemecht, wou hie seng Famill gegrënnt huet a seng Duechter grouss gëtt. Wann d'Partei dat wëllt an hien och de Support vun den Escher spiert, wier hie bereet, bei den nächste Gemengewalen nees zur Verfügung ze stoen, sou de gréngen Deputéierten.

E Méindeg de Moie war ënner anerem d'Immigratiounsaffär Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO