
Dass et dozou komme kéint, hätte Vertrieder vun der Federatioun vun Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren esou héieren.
Wéi de generaliséierte CovidCheck genee nom 18. Oktober ausgesäit, weess d’Horesca nach net. Et hätt een awer duerchblécke gelooss kritt, datt d’Schnelltester net méi erlaabt géife ginn, mä just nach zertifiéiert Schnelltester a PCR-Tester, fir déi ee jo antëscht bezuele muss. Esou wéi dat schonn am Ausland de Fall ass. Medieberichter no soll dat och fir de Fräizäitberäich, wéi zum Beispill de Fitness oder Muséeë gëllen.
D'Horesca hat nach derfir plädéiert, d'Selbsttester op der Plaz bäizehalen a fäert, datt een anerwäerts eng Partie Clientë verléiere géif. Virun allem missten d'Hëllefe fir de Secteur no Enn des Joers weiderlafen.
Den Ament ass et am Horeca jo nach erlaabt, fir ouni CovidCheck zu 4 bannen am Restaurant oder Café ze sëtzen. Dobausse sinn 10 Leit op engem Dësch erlaabt. Wéi en Impakt dat neit Covidgesetz op d’Terrassen huet, konnt de Secteur aktuell nach net ofgesinn.
E Freideg de Mëtteg trieden de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert virun d'Press, fir d'Haaptelementer vum Covidgesetz ze presentéieren, dat e Méindeg 8 Deeg a Kraaft trëtt. De Staatsminister hat scho virun e puer Wochen duerchblécke gelooss, datt de CovidCheck-Regime méi streng kéint ginn, wa sech d'Impfcampagne net acceleréiere géif. Dat war net de Fall.
Donieft steet och d'Méiglechkeet vun engem fräiwëllege CovidCheck an de Betriber am Raum. Den Aarbechtsminister Dan Kersch hat erkläert, Betriber kéinten op de Wee vum CovidCheck goen, wann ee bis den hallwen Oktober net op en Impftaux vun 85% géif kommen. Dat Zil ass haut nach ëmmer wäit ewech. D'UEL ass absolut Demandeur fir de CovidCheck op der Schaff, d'Gewerkschaften hate Bedenken.
