De Wee aus der Kris wier virun allem duerch de Vaccin méiglech.
Eng wëssenschaftlech Erkenntnis verfestegt sech ëmmer méi: Den Impfstoff verhënnert en Deel vun den Iwwerdroungen, esou gesäit et och den Dr Gerard Schockmel. Wa bis e groussen Deel vun der Populatioun geimpft ass, géif een och de Wee an d'Normalitéit zeréckfannen, och wann d'Vaccinen ni en 100-prozentege Schutz géife bidden.
Fir d'Zukunft wier et wichteg Impfstoffer zur Verfügung ze hunn, wou een nëmmen eng Dosis brauch. Bei Adenovirus-Impfstoff vun Johnson & Johnson géif ee beispillsweis nëmmen eng Dosis brauchen. D'Britte probéieren den Ament dat nämmlecht mat deem vun AstraZeneca.
Den Dr Gerard Schockmel, Spezialist fir Infektiounskrankheeten:
"Bei deem Impfstoff mécht dat sécherlech Sënn, deem vun AstraZeneca, fir e Maximum un Immunitéit ze kréien. Och muss ee sech froen, wei vill Immunitéit brauch ech dann? Wann ech de Gros vun der Bevëlkerung mat enger Dosis impfen, geet dat warscheinlech fëlleg duer."
Dat géif et erméigleche vill méi séier epidemiologesch virunzekommen, fir déi Pandemie an de Greff ze kréien. Iwwerleeungen, déi et offiziell esou nach net zu Lëtzebuerg gëtt.