Cour d'appel Méi héich Strof fir ze séiert Fueren an 2. Instanz

RTL Lëtzebuerg
D'Uerteel an 2. Instanz: Eng Geldstrof vun 1.300 € (amplaz vun 250 €) an e Fuerverbuet vun engem Joer mat Sursis (amplaz vu virdru 6 Méint mat Sursis).

De Wee op d'Cour d'appel huet sech net gelount fir e Mann, dee sech do op en Neits wéinst ze séierem Fueren ze veräntweren hat.

Op der Escher Autobunn a Richtung Minettmetropol waren am August 2016 aus engem banaliséierte Policeauto eraus iwwer e puer Kilometer 3 Vitesseiwwerschreidunge vum Mann gemooss ginn. Am 1. Prozess hat säin Affekot d'Fiabilitéit vun deene Miessungen a Fro gestallt: Dem Responsable vum Laserapparat „TraffiPatrol“ no wär deen nämlech fir statesch Kontrolle gemaach.

An zweeter Instanz elo huet den Affekot déi gemoosse Vitessen op en Neits hanner- an de Fräisproch fir säi Client gefrot. Dogéint ware fir d'Vertriederin vum Parquet general déi 3 gemoosse Vitessë séier wuel zréckzebehalen, woubäi zwou vun de Vitesseiwwerschreidungen als Délit de grande vitesse unzegesi wären.

Den haut 28 Joer ale Chauffeur war virun eppes méi wéi 3 Joer moies 3mol ze séier geblëtzt ginn: eng Kéier mat 177 amplaz vu 70, eng Kéier mat 163 amplaz vun 130 an eng Kéier mat 148 amplaz vun 90 Kilometer an der Stonn. De Mann hat säi Führerschäin op der Plaz ofgeholl kritt.

Déi 1. Riichter haten Zweiwelen un de Miessungen, soudass si Vitesses dangereuses zréckbehalen haten, amplaz vun Délits de grande vitesse. De Parquet an de Mann hate géint dat 1. Uerteel Appel gemaach.

Déi zweet Riichter waren elo der Meenung, dass de Laser «TraffiPatrol» korrekt fonctionnéiert hätt; dem Distributeur no wär den Apparat wuel fir statesch Kontrolle konzipéiert, ma et wär technesch gesi méiglech, fir eng Vitesse aus engem Policeauto erauszemoossen, wann d'Gefier rullt: Eng Vitesseiwwerschreidung kéint deemno duerch dee Laser festgestallt ginn. Déi zwou Iwwerschreidunge vun 148 amplaz vun 90 a vun 177 amplaz vu 70 Kilometer an der Stonn géifen en Délit de grande vitesse duerstellen, ëmsou méi wéi a béide Fäll och d'Distanz tëscht dem Won vum Mann an dem banaliséierte Policeauto méi grouss gi wär.

De Chauffeur hätt sech ëmmer nees enger neier Infraktioun schëlleg gemaach: Op Grond vun der Gravitéit vun de Faiten a vum jonken Alter vum Mann misst e Fuerverbuet vun engem Joer mat Sursis gesprach ginn. Dobäi kéimen eng Geldstrof vu 500 € fir déi eng Vitesse dangereuse a vun 800 € fir déi zwee Délits de grande vitesse.

Back to Top
CIM LOGO