De KloertextGewalt ass e schwieregt Theema, och politesch, well ee mat der Angscht liicht spille kann

Caroline Mart
Diana Hoffmann
E Mord um Lampertsbierg; e Friemen, deen e Puppelchen op de Kapp geschloen huet oder nach en Zuchbegleeder, deen an Däitschland vun engem Lëtzebuerger Resident dout geschloe ginn ass.
Kloertext: Gewalt ass e schwieregt Theema, och politesch
Elo donneschdes um 20 Auer. D’Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

Et si Fäll, déi déi lescht Woche schockéiert hunn. An der Emissioun Kloertext gouf sech dësen Donneschdeg mam Sujet Gewalt befaasst an der Fro, ob et méi Gewalt an der Gesellschaft gëtt oder ob et just e Gefill ass.

D’Procureur général d’Etat adoint, d’Simone Flammang, hat Chiffere matbruecht. Tëscht 2020 an 2025 goungen d’Gewaltstrofdoten zu Lëtzebuerg ëm 39 Prozent erop. An dëser Statistik gi Coups et blessures volotaires, Mësshandlung vu Kanner a Fäll vun haislecher Gewalt ugefouert. “Effektiv ass eng gewëssen Acceleratioun an de leschte Joer festzestellen”, ënnersträicht d’Magistratin. Natierlech misst een och consideréieren, dass d’Populatioun wiisst, mee dëst géing net am Verhältnis stoen. Besonnesch Gewaltdoten am ëffentleche Raum wieren eropgaangen. 92 méi Volle mat Gewalt goufen et zum Beispill zejoert am Verglach zu 2024. Den Tim Pauly vun der Police ënnersträicht, dass et sech hei dacks géing ëm kleng Wäertsaache wéi den Handy, de Portmonnie, eng Auer oder Poschen handelen, déi geklaut ginn. Vun der Säit vun der Police aus géing een de Leit, déi an de Fall kommen, roden, hir Saachen hierzeginn, ouni sech ze wieren.

D’Fäll vun der haislecher Gewalt géingen dann och ëmmer weider eropgoen, betount d’Simone Flammang. Mee dës wiere scho Joren op erschreckend héijem Niveau. Bei der Mësshandlung vu Kanner hätt de Chiffer sech verduebelt. Hei kéint et awer och sinn, dass méi Fäll géinge gemellt ginn duerch d’Sensibiliséierungsaarbecht.

An der Sendung gouf dann och e Bléck drop gehäit, wéi d’Situatioun am ëffentlechen Transport an an de Spideeler ausgesäit. Vun enger klorer Hausse vun Incidente mat Aggressioune schwätzt hei d’Presidentin vun der Eisebunnsgewerkschaft Syprolux, d’Mylène Bianchi. A just engem Joer, also vun 2024 op 2025, gouf eng Augmentatioun ëm 31,5 Prozent vun den Aggressioune géint Beamte festgestallt. Tëscht Passagéier gouf et eng Hausse vu bal 11 Prozent. Am Santésberäich goufen et an de leschte 5 Joer (2020 bis 2025) och eng ganz Partie méi Deklaratioune wéinst Incidenten. Vun 100 ass een do op 500 Stéck komm. An den Urgence vum CHEM goufen et bei den 100.000 Leit, déi pro Joer hei passéieren, 250 bis 300 Interventioune wéinst aggressivem Verhalen, erkläert den Dr. Romain Schockmel, medezineschen Direkter vum CHEM. Souwuel d’Gewerkschaftlerin, wéi och den Dokter hunn awer ënnerstrach, dass Mechanismen en place gesat goufen, fir dass esou Aggressioune méi konsequent géinge gemellt ginn.

Dass d’Leit besser fir verschidden Thematike sensibiliséiert sinn, féiert méiglecherweis och bei Fäll vun haislecher Gewalt dozou, dass dës méi heefeg registréiert ginn. Deemno wier d’Augmentatioun vun den Expulsiounen ëm 60 Fäll vun 2024 op 2025 multifaktoriell z’erklären, betount d’Laurence Bouquet, vum Service “Riicht Eraus” vum Roude Kräiz, déi mat den Täter vun haislecher Gewalt schaffen. Si huet awer och kritiséiert, dass d’Täter just een obligatoresche Rendez-vous beim Service hätten, wat net géing duergoen. Och d’Simone Flammang hat virdru scho gemengt, dass d’Strofmooss vu Coups et blessures volontaires mat maximal 6 Méint Prisong net géing duergoen. Fir Vol kéint ee bis zu 5 Joer Prisong kréien. “Et kéint een iwwerleeën op d’Strofe fir esou Doten net missten no uewe revidéiert ginn”, sou d’Procureur général d’Etat adjoint.

D’Sécherheetsgefill an d’Informéiere vun der Bevëlkerung

De Polizist Tim Pauly mengt, dass et generell am Land kee Problem géing gi mam Sécherheetsgefill. Et géing ëmmer Leit ginn, déi sech méi onsécher spiere wéi anerer. “Mee et gi Plazen, déi och ech am Private géing evitéieren. Zum Beispill zu bestëmmten Zäiten eleng duerch e Park ze goen. Et muss ee jo näischt provozéieren”, seet de Polizist. Mee wie vun enger Dot betraff gewiescht wier, deem séi Sécherheetsgefill wier natierlech net méi dat selwecht.

Och Onwëssenheet kann awer zum Gefill vun Onsécherheet féieren. “Ech kann d’Kritik gutt novollzéien”, äntwert d’Procureur général d’Etat adjoint op d’Fro, wisou hei am Land de Parquet dacks zéi ass mat Informatiounen. Och am Verglach zum Ausland. Weider huet si drop verwisen, dass dem Code de procédure pénale no Leit, déi mat der Enquête oder der Instruktioun ze dinn hätten, sech géinge strofbar maachen, wa se Informatiounen erausginn. Just de Procureur général an de Procureur d’Etat dierfte verschidden Elementer public maachen. D’Simone Flammang huet da weider preziséiert : “Mir kommen aus enger Traditioun eraus, wou gesot gëtt, de Kader esou enk wéi méiglech ze halen, fir kee Feeler ze maachen.” Mee et géing een dru schaffen, fir d’Kommunikatioun méi transparent an aktiv ze gestalten.


Eis Invitéë waren:

Simone Flammang
Procureur général d’Etat adjoint

Simone Flammang
Simone Flammang
© Nelson Cheung - rtl.lu

Tim Pauly
Polizist
Nationale Preventiounsservice vun der Kriminalitéit (SNPC)

Tim Pauly
Tim Pauly
© Nelson Cheung - rtl.lu

Laurence Bouquet
Service “Riicht Eraus” Rout Kräiz
Schafft mat Täter

Laurence Bouquet
Laurence Bouquet
© Nelson Cheung - rtl.lu

Dr Romain Schockmel
Medezineschen Direkter CHEM
President Handballfederatioun

Dr Romain Schockmel
Dr Romain Schockmel
© Nelson Cheung - rtl.lu

Mylène Bianchi
Presidentin Syprolux

Mylène Bianchi
Mylène Bianchi
© Nelson Cheung - rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO