Geimpft, geheelt oder getestMéi einfach duerch Europa reese mam Covid-Check

Lynn Cruchten
Prezisiounen iwwer den EU-Certificat vum Paulette Lenert an dem EU-Justizkommissär Didier Reynders.
Méi einfach duerch Europa reese mam Covid-Check
Prezisiounen iwwer den EU-Certificat vum Paulette Lenert an dem EU-Justizkommissär Didier Reynders.

Wie geimpft, getest oder vun enger Coronainfektioun geheelt ass, soll deemnächst vun engem europäesche Covid-Certificat profitéieren, fir och méi einfach nees an Europa reesen ze kënnen. Hei ass Lëtzebuerg mat sengem Covid-Check prett, fir dësen europäesche Certificat auszestellen. Den EU-Justizkommissär Didier Reynders huet am Kader vu senger Visitt zu Lëtzebuerg fir den 30. Anniversaire vum Europäesche Konsumenten-Zenter zesumme mat der Gesondheetsministesch Prezisiounen iwwert den EU-Certificat ginn.

Vum 1. Juli un ass et an all EU-Memberstaat gesetzlech obligatoresch, dass d’Bierger e Covid-Certificat kënnen ufroen, sief et an digitaler Form oder op Pabeier. Dëse Certificat gëtt un, ob een no enger Coronavirusinfektioun geheelt ass, scho geimpft oder rezent negativ op de Virus getest gouf. D’EU-Kommiosun huet zesumme mat de Memberstaate getest, wéi ee sou e Certificat kann op d’Been stellen, fir dass och eng Kontroll méiglech ass. Fir Fälschungen z’evitéieren, ginn et individuell QR-Coden. 22 EU-Memberstaaten, dorënner och Lëtzebuerg, hu scho getest, wéi dës kënne verifiéiert ginn. Et gouf nach emol präziséiert, dass e Blutttest op Antikierper aktuell net valabel ass, fir als geheelt ze gëllen.

"Et waren Diskussiounen am Parlament, ob een déi serologesch Tester soll consideréieren oder net. Do sinn d’Experte sech net eens ginn zu dësem Zäitpunkt. Dat kann nach spéider kommen, da kënne mer dat adaptéieren. Stand haut ass et de PCR-Test, och net de Schnelltest, mee de positive PCR-Test, deen ausschlaggebend ass fir de Constat vun der Covid-Krankheet an hannendrun natierlech dann de Constat vun der Heelung.", esou d'Paulette Lenert.

Zënter e Mëttwoch stelle scho 7 EU-Memberlänner, dorënner zum Beispill Däitschland, Kroatien a Griicheland den EU-Covid-Certificat aus. Zu Lëtzebuerg funktionéiert jo am Prinzip vum 13. Juni un de Covidcheck.lu, deen als Grondlag fir den EU-Certificat déngt.

"Eise Covid-Check, dat ass den Check vun deenen dote Certificaten an dat wäert déi Technologie sinn, déi herno wäert halt och erlaben, iwwert d’Grenzen eraus unerkannt ze ginn."

De Covid-Certificat erlaabt et engem also -virleefeg bannent der EU- nees ouni Quarantän-Flicht ze verreesen, et sief, et handelt sech ëm eng donkelrout Zon, wou et also nach vill Coronainfektioune ginn oder méi uerg Varianten am Ëmlaf sinn.

Wann een als Famill verreest an d’Eltere geimpft sinn, mussen d’Kanner och net a Quarantän. Méi jonk Kanner sollen och vu PCR- oder Schnelltester verschount bleiwen. Den Ament gëllt dat fir Kanner ënner 6 Joer, déi keen Test musse maachen, den Alter kéint awer nach eropgesat ginn.

Den Didier Reynders sot nach, dass een a Verhandlunge wier, fir datt den EU-Covid-Certificat och an Drëtt-Staaten unerkannt gëtt. An ëmgedréint, datt och bewise geimpfte Bierger aus anere Kontinenter gläich nees dierfen an Europa reesen.

Wann d’Pandemie eriwwer ass, soll natierlech och de Covid-Certificat nees fir Deplacementer an d’Ausland ewechfalen.

Back to Top
CIM LOGO