Invité vun der Redaktioun (14. Abrëll)Maxime Miltgen, Co-Parteipresidentin vun der LSAP

Carine Lemmer
En Dënscheg de Moie war ënner anerem d'Situatioun an der LSAP Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Maxime Miltgen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et feelt der Regierung u politeschem Courage. Ënnert engem Jean Asselborn fréier hate mer an der Aussepolitik eng kloer Linn. Mer goufen och am Ausland gehéiert. Dat feelt haut.
Déi Kritik koum um Dënschdeg de Moien vun der Maxime Miltgen als eis Invitée vun der Redaktioun.

D’Co-Parteipresidentin vun der LSAP huet gemengt, dass Lëtzebuerg soss ëmmer Brécke konnt bauen. Dat gëllt och innepolitesch.

Et wier elo un der Zäit fir eng richteg Tripartite, wou och op jiddereen gelauschtert gëtt. D’Leit, wéi och d’Betriber missten aktuell, wéinst den héijen Energiepräisser, gehollef kréien.

Wat de Mindestloun ugeet, wier déi sozialistesch Devise kloer: vun dësem misst een dezent kënnen hei am Land liewen. Dat wier fir vill Leit net de Fall. De Mindestloun ze héije wier dofir en absolutte Muss. Mä och da wier et just Plooschter-Politik, seet d’Maxime Miltgen.

U sech bréicht et eng richteg Steierreform, en Ëmverdeele vum Räichtum, an e konsequenten Ausbau vum ëffentlech soziale Logement.

Invité vun der Redaktioun: Maxime Miltgen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO