Gewalttätegen IwwerfallMat Noutfallhummer menacéiert an engem Linnebus an der Stad

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend (25.09.20) gouf eng Persoun géint 19.40 Auer vun zwee Männer am Linnebus 1/125 iwwerfall, dat nom Arrêt "Pescatore".
© Nothammer by Geogast (Creative Commons)

Mat engem Noutfallhummer arméiert, dee jo üblecherweis an engem Bus hänkt, hunn déi 2 Männer d'Affer am Bus opgefuerdert, seng Wäertgéigestänn ofzeginn. Dobäi gouf Geld aus dem Portmonni vum Affer erausgeholl an den Handy geklaut. D'Täter si viraussiichtlech beim Arrêt "Roosevelt" erausgeklommen.

Am hënneschten Deel vum Bus souzen zwou Fraen, déi Zéie vun der Attack gi sinn, an déi och no der Dot mam Affer geschwat hunn a mat him op der "Place de la Gare" erausgeklomme sinn. Béid Fraen, sou wéi alleguerten déi Persounen, déi Zeie vun dëser Attack goufen, solle sech wgl. bei der Stater Police mellen, dat iwwer Telefon (+352 244401000) oder per E-Mail (police.luxembourg@police.etat.lu).

Hei d'Police-Beschreiwung vun den zwee Täter:

Beschreibung der Angreifer:

1) Mann von afrikanischer Herkunft, normale Statur, sprach Französisch, hatte lange Dreadlocks und war mit einem roten Kapuzenpullover und einer dunkler Hose bekleidet.

2) Mann von asiatischer Herkunft, normale Statur, kurzes dunkles Haar, sprach Französisch, trug dunkle Kleidung. Besonderes Merkmal: Tränen-Tattoo unter dem linken Auge.
Beide Personen waren ungepflegt.
Back to Top
CIM LOGO