Stater BëscherMat Eleganz géint de Gesellschaftsdrock

Monique Kater
Den Drock vum Mënsch op d'Natur ass grouss, virun allem, wat d'Bëscher ronderëm d'Haaptstad ugeet.
Den Drock vum Mënsch op d'Natur ass grouss
Virun allem wat d'Bëscher ronderëm d'Haaptstad ugeet. Wärend dem Confinement gouf dës Pressioun extrem däitlech.

Stater Bëscher / Reportage Danielle Goergen

Wärend dem Confinement gouf dës Pressioun extrem däitlech.

Fir an de Bambësch zum Beispill spadséieren ze goen, stoung een an der Schlaang, wann ee säin Auto op ee vun de Parkinge wollt stellen. Haut ass et ronderëm d'Stad nees méi roueg, och wéinst der Schoulvakanz, mä dass d'Gemengen an d'staatlech Autoritéite sech musse Gedanke maachen, wéi een an Zukunft mam sougenannte Gesellschaftsdrock op d'Bëscher muss ëmgoen, ass evident.

Als Stater Bësch ass een e Bësch fir de Mënsch, e Mix aus Nolen- a Lafbeem. Dee wéilt een esou naturno ewéi méiglech verwalten, erkläert de Stater Fierschter. D'Forstverwaltung këmmert sech fir de Proprietär, also d'Stad Lëtzebuerg ëm den Ënnerhalt. Sou steet et am Gesetz. Esou mann wéi méiglech déck Maschinnen. Wou et geet géifen hei am Bambësch d'Véierbeener agesat. Si méie laanscht d'Weeër, mat enger Maschinn, déi den Insekten näischt géif doen. Dat wier eng vill méi douce Aart a Weis, de Bësch ze geréieren, erkläert den Olivier Breger vun der Forstverwaltung, dee sech als ee vun zwee Stater Fierschter ëm déi urban Bëscher këmmert.

Hir Aarbecht wier natierlech gutt fir d'Ekologie, seet och de Päerdsmann, deen zënter enger Zäit schonn an och op villen anere Plazen am Land mat senge Schaffpäerd an de Lëtzebuerger Bëscher ënnerwee ass. Mat Päerd géif ee vill manner futtimaachen, si kéinten op schmuele Weeër schaffen a Beem do erauszéien. De Rescht wier da fir d'Maschinnen. De François Lefieux huet fréier mam Mier geschafft mat Moulen an Austeren. Vum Mont-Saint-Michel koum hien op Lëtzebuerg. D'Bëschwirtschaft hei wier vill besser wéi déi a Frankräich.

Natierlech begéint een am Bësch léiwer zwee Percheron-Päerd - dem Elégant a sengem Kolleeg Rio - wéi engem décke fetten Trakter, dee Kaméidi mécht. Si schaffen eng 8 Stonnen den Dag a follegen hirem Meeschter op d'Wuert. Dee reegt sech op, wann en am Bësch Fläsche fënnt, esouguer Autosbatterien a soss Dreck. Et misst een de Leit Weeër virzeechnen, mengt hien, well soss géife se an de Bëscher, egal wat maachen.

De Gesellschaftsdrock op de Bësch gëtt am urbane Raum allgemeng enorm grouss an de Bësch kënnt eigentlech ni zur Rou. D'Forstverwaltung setzt, wat den Ëmgang vum Mënsch mat der Natur ugeet, op Preventioun amplaz op Repressioun an op Gemengeresponsabel, déi matdenken.

Gesellschaftsdrock op déi urban Bëscher - Appell vum Fierschter
Appell vum Stater Fierschter, Olivier Breger

Den Olivier Breger vun der Forstverwaltung ass a senger Funktioun als Bëschexpert der Meenung, dass een onbedéngt Grénges an der Stad muss halen, an deem Sënn, dass d'Déiere sech och vun engem an deen anere Quartier kënne beweegen. Genee esou wichteg wieren al an héich Beem, duerch déi d'Stied méi kill bleiwen.

Stéchwuert Bëschautobunnen: Zënter Mëtt 70er hätt een am Stater Bambësch iwwerhaapt keng nei Weeër gebaut, confirméiert de Stater Fierschter. Et géif een der éischter zrécksetzen.

Et ginn am Bambësch keng Bëschautobunnen
Esou den Olivier Breger

Back to Top
CIM LOGO