
Iwwer 2 Méint waren d'Kierchen eidel. Vun dësem Weekend un dierfen nees Masse gehale ginn. Et gëllen awer streng Sécherheetsmesuren, déi den Äerzbistum vum Päischtweekend un an de Paren ëmsetzt.
Vun elo un muss ee sech fir all Mass eenzel umellen. Dat geet iwwer Telefon beim respektive Geeschtlechen oder Member aus dem Pastoral-Team. Aus Dateschutzgrënn ginn d'Leschte vun de Leit, déi sech umellen, no der Mass nees zerstéiert. Fir d'Massen an der Kathedral ass dat zum Beispill ënnert dem Nummer 22 29 70 24.
An de Kierche mussen da strikt d'Distanze vun 2 Meter agehale ginn. Duerfir gi Still ausgelooss, et dierfen och keng Lidderbicher ausgeluecht ginn an d'Hänn mussen an der Entrée vun der Kierch desinfizéiert ginn.
Et gi just Sëtzplazen, an der Mass ze stoen ass net erlaabt. Designéiert Benevoller sollen och wärend der Mass derfir suergen, datt dës Reegelen agehale ginn.
Et gëtt recommandéiert d'Mond-Nues-Protektiouns-Mask och wärend der Zeremonie unzehalen. All d'Weiwaasser-Steng mussen eidel sinn an de Friddensgrouss mat der Hand fält ewech.
D'Kommunioun gëtt iwwerdeem ausgedeelt, ma de Geeschtleche muss d'Hänn desinfizéieren an e Mask droen. D'Mondkommunioun ass net erlaabt. De Kierfche fir d'Kollekt gëtt net duerch d'Reie gereecht, mä steet an der Sortie vun all Kierch.
Massen dobausse kënnen ënnert de selwechte Konditioune gehale ginn, iwwerdeem all Prozessiounen, déi u sech virun der Summervakanz gewiescht wieren, wéi elo iwwert de Päischtweekend an Erläichendag, ofgesot sinn. Op Prozessiounen op Krautwëschdag sinn, ass nach net decidéiert.
Beichten dierfen ofgeholl ginn, mä net an de Beichtstill.
Bis Mëtt September ginn iwwerdeem och keng Dafen oder Bestietnesser an de Kierche gefeiert. Läichendéngschter dierfe gehale ginn, woubäi d'Familljen iwwert d'Zuel vun disponibele Sëtzplazen informéiert ginn.
An och déi beléift Sprangprëssessioun op Päischtdënschdeg fält fir d'éischte Kéier nom Zweete Weltkrich aus. De 75. Anniversaire gëtt op d'nächst Joer reportéiert, mä d'Krypta an d'Basilika sinn um Dënschdeg fir Eenzel-Pilger op. An op RTL Zwee ginn owes zwee Documentairen iwwert d'Iechternacher Sprangprëssessioun proposéiert.