
Mir wiere frou, wann d'Masse fir déi grouss Feierdeeg iwwer Tëlee kéinten iwwerdroe ginn. Dat sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich e Méindeg de Mëtteg am RTL Interview, nodeems d'Glaawens-Communautéiten eng Reunioun mam Kultusminister Xavier Bettel haten, fir iwwert d'Covid-Dispositiounen ze schwätzen. Virun allem fir déi eeler Leit an deenen an den Altersheemer wier eng digital Form keng Léisung.
Déi vermëssen dat ganz terribel. Déi Suggestioun gouf vum Premier opgeholl, an hie sot, hie géif direkt kucken, wat méiglech wier, datt dat kéint gemaach ginn. Fir datt d'Zuele vun de Leit, déi un de reliéise Manifestatioune kéint erofgoen, dat net komplett muss zougoen, mä een et equilibréiert an net ze vill Kontakt do ass.
Wat d'Mëtternuechtsmass ugeet, huet de Kardinol betount, datt hien dës Owes um 20 an der Kathedral an der Stad hält, d'Leit deemno mat Zäite virum Couvre-Feu doheem kënne sinn. Allerdéngs dierfe just 100 Leit sur place un der Mass deelhuelen, se gëtt awer och digital iwwerdroen, an am Idealfall dann och op der Televisioun gewisen huet de Jean-Claude Hollerich nach betount.