Den Emploi wiisst méi lues an d’Populatioun gëtt méi al. "Mir brauchen eis näischt virzemaachen: eise System gëtt net manner deier", esou d’Gesondheetsministesch Martine Deprez en Donneschdeg de Moien hei op RTL. Si huet deklaréiert et dierf net zu enger Zwou-Klasse-Medezin kommen, mee de Gesondheetssystem misst méi effizient ginn.
Zanter zwee Joer wiisst de finanziellen Defizit vun der Krankeversécherung. Fir dëst Joer gëtt mat engem Minus vu ronn 130 Milliounen Euro gerechent an d’Reserv kéint d’nächst Joer ënner dem legale Seuil vun 10 Prozent vun de Gesamtausgabe leien. Op der Quadripartite e Mëttwoch goufe fir elo mol Pisten diskutéiert, déi 95 Milliounen Euro duerstellen. Fir d’Martine Deprez sinn dat keng Spuermesuren, mee Mesure fir manner auszeginn.
Fraude géing méi staark bekämpft ginn, andeems een d’Gespréich mat Doktere géing sichen, déi opfälleg vill Krankeschäiner erausginn. Abusiven Absenteismus vun Assuréë wier an hiren Ae keng Fraude-Fraude an en aneren Dossier. Séjouren an de Spideeler géing ee probéieren ze verkierzen. Fir manner Medikamenter ze verschwenden, géing een net méi onbedéngt ganz Päck erausginn, respektiv net direkt déi deierst verschreiwen. Sinn déi deier net besser? Et géing international Recommandatioune ginn, déi weisen, datt ee kéint mat manner deieren ufänken, sou d’Ministesch.
Huet et missen zu engem finanzielle Lach an der Kees kommen, fir selbstverständlech Mesuren ze ergräifen? D’Gesondheetsministesch huet sech virun déi Responsabel vun der Gesondheetskeess gestallt, déi all Joer no hirer Keess géinge kucken. D’lescht Joer gouf och decidéiert, datt ee misst handelen an e Comité stratégique an Aarbechtsgruppe goufen op d’Bee gesat.
D’Krankeversécherung soll also ëm 95 Milliounen Euro entlaascht ginn. Am Hierscht gëtt tranchéiert, ma wann d’Mesuren net duerginn an d’Reserv awer ënnert de legale Seuil fält, da si Cotisatiounserhéijungen net ausgeschloss, esou d’Ministesch. D’lescht Joer wier d’Optioun schonn um Dësch gewiescht, fir se ëm 0,25 Prozent am Ganzen an d’Luucht ze setzen – 0,125 Prozent fir den Assuré a 0,125 Prozent fir den Employeur.
Eng aner Optioun ass, datt de Staat aspréngt, wat scho mat 39 Plus 20 Milliounen Euro fir dëst an d’nächst Joer de Fall ass. Hei wier den Termin d’Fréijoer 2028, fir ze kucken, ob de Staatsbudget nees misst belaascht ginn oder net.
Fir d'Dokteschassociatioun wieren no der Quadripartite d’Konditiounen nach ëmmer net erfëllt, fir déi nei Konventioune mat der CNS z’ënnerschreiwen. D’AMMD fuerdert, datt d’Ministesch hir Fuerderungen erfëllt, well dat Walversprieche vun hirer Partei, der CSV, wieren. D’Martine Deprez huet der AMMD Recht ginn, datt - bis op d’Gesetz iwwert d’Dokteschgesellschaften - d’Punkten aus dem Koalitiounsaccord nach net deposéiert sinn. Mee dat géing nach geschéien.
Och eng aner Fuerderung vun der AMMD – nei Mechanisme fir d’Tariffer ze festzeleeën – géing een op de Leescht huelen, esou d’Ministesch. Hei spillt déi sougenannt "Lettre-clé", eng montaresch Valeur, déi multiplizéiert mat de Koeffizienter vun de respektive medezineschen Akten d’Tariffer ergëtt, eng wichteg Roll an den Diskussiounen. D’Ministesch huet d’Verhandlungen als "zéi" bezeechent. D’AMMD wéilt e "strikten Automatismus" a si, d’Martine Deprez, mee och d’Sozialpartner an der CNS, wéilten een e méi "uniforme" System fir all d'Prestataire.
De Prinzip vum "utile et nécessaire" kritiséiert d’AMMD an deem Zesummenhang och, well domadder d’CNS géing Revalorisatioune bremsen. D’Martine Deprez huet zouginn, datt d’wëssenschaftlech Expertisen "eng Zäitche" kéinten daueren, mee si huet betount, datt een "d’main-mise" misst behalen, iwwert dat, wat d’Patienten tatsächlech bräichten.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.