Eng Hausse vun de Cotisatiounen, eng besser Kontroll vun den Ausgaben a méi Efforte géint Bedruch: mat dëse Mesurë wëll d'Regierung d'Finanze vun der Gesondheetskeess stabiliséieren. D'Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun an huet betount, datt weder un der Preventioun, nach un néidege Behandlunge soll gespuert ginn. Am Sträit mat den Doktere setzt si weider op d'Aarbechtsgruppen an den Dialog.
Op der Quadripartite e Mëttwoch hunn d'Regierung an d'Sozialpartner iwwer d'Finanzlag vun der CNS diskutéiert. Fir dëst Joer gëtt mat engem provisoreschen Defizit vun 133,3 Milliounen Euro gerechent. Fir 2027 steet e Minus vu bal 190 Milliounen Euro am Raum. Fir géigenzesteieren, sollen d'Cotisatioune fir d'Assuréen an d'Patronen ëm jeeweils 0,125 Prozentpunkten eropgoen. Fir en Assuré mat enger Bruttopai vun 1.000 Euro géif dat eng zousätzlech Belaaschtung vun 1,25 Euro bedeiten a bei 5.000 Euro wieren et 6,25 Euro. "Et ass wierklech eng minimal Hausse vun de Cotisatiounen, déi gedroe gëtt vun den Assuréen, vun de Patronen an natierlech och vum Staat, dee leet och nach eng Kéier 40 Prozent bei dee Montant bäi."
Nieft de Cotisatioune sollen och d'Ausgaben ëm 95 Milliounen Euro reduzéiert ginn. Dofir setzt d'Regierung op véier Beräicher: Medikamenter, Maîtrise médicalisée, Soins hospitaliers an de Kampf géint Abus a Bedruch.
Bei de Medikamenter géing ee versichen, Gaspillagen ze verhënneren, andeems een de sougenannten "Blistering" géing promouvéieren. Amplaz dass een da Packunge kritt mat 200 oder 100 Pëllen, kritt de Patient déi passend Doséierung a Këschten an a Rulloen.
Punkto Maîtrise médicalisée seet d'Ministesch: "...datt mer géifen bei den Analyses biologiques, bei de Kinésverschreiwungen an och bei verschiddene Medikamenter op international Recommandatiounen zréckgräifen, dat heescht, eng Sensibilisatioun maachen a soen, ma dat dote Medikament gëtt et och an enger méi bëlleger Form an et huet genau déi selwecht Wierkung."
Bei den Analysë misst ee beispillsweis kucken, ob eng Kontroll all dräi Méint medezinesch néideg ass oder ob en Intervall vu sechs oder zwielef Méint duergeet. Fir Patienten, déi reegelméisseg Kiné brauchen, sollen dogéint méi kohärent Behandlungsparcoursen ausgeschafft ginn. Domat soll verhënnert ginn, datt si ëmmer nees mussen en Dokter consultéieren, just fir eng nei Verschreiwung ze kréien.
Och bei de Spideeler geet et ëm eng besser Kontroll vun de Käschten, ënner anerem duerch d'Zesummeleeë vu verschiddene Servicer. De Kampf géint Bedruch soll verstäerkt a besser organiséiert ginn. Bei Prestatairen, déi aussergewéinlech vill verrechnen, misst ee kënne nofroen. Och bei engem besonnesch héije Konsum vu Leeschtunge misst gekläert ginn, wat d'Ursaachen dofir sinn.
Op d'Fro, ob manner Analysen a Verschreiwungen net op Käschte vun der Preventioun kéinte goen, huet d'Martine Deprez verséchert, datt d'Regierung net wëlles hätt, u präventive Moossnamen ze spueren. Et géif hei ëm d'Diagnostik an d'Fro goen, wéi eng Ënnersichungen a Behandlungen am konkrete Fall sënnvoll sinn. Néideg Leeschtunge sollte weider bei de Patienten ukommen. "Et soll kee manner kréien", esou d'Ministesch.
Bei präventive Moossname misst een ausserdeem kucken, wéi eng Ausgabe vun der CNS a wéi eng direkt vum Staatsbudget solle gedroe ginn. D'Doktere wieren an dësem Prozess onverzichtbar. "Mir mussen d'Doktere mat am Boot hunn, ouni Doktere geet et net."
Den Absenteismus war ebenfalls Thema vun der Quadripartite. D'Patronatsvertriedung vun der UEL hat gefuerdert, sech méi intensiv domat auserneenzesetzen. Der Ministesch no schafft schonn en Aarbechtsgrupp un dësem Sujet. E Pabeier wier ausgeschafft ginn, op deem elo weider geschafft géif ginn. Konkret nei Moossnamen huet si am Interview net genannt.
No de Projektiounen, déi op der Quadripartite presentéiert goufen, sollen déi geplangte Moossnamen d'Finanzéierung vun der CNS bis 2030 ofsécheren, esou d'Martine Deprez. Fir d'Fréijoer 2028 ass e Rendez-vous tëscht der Regierung an de Sozialpartner virgesinn, fir méi strukturell Froen ze diskutéieren. Dobäi soll et notamment drëm goen, wéi eng Ausgaben iwwer d'Gesondheetskeess a wéi eng iwwer de Staatsbudget finanzéiert solle ginn. Déi Diskussioune sollen am nächsten annerhallwe Joer virbereet ginn. Als Beispill huet d'Ministesch de Bau vun Spideeler genannt. Aktuell géifen 80 Prozent direkt vum Staat iwwerholl ginn an 20 Prozent iwwer d'CNS amortiséiert ginn. Eng Pist wier et, och dës 20 Prozent iwwer de Fonds hospitalier ze finanzéieren. Och bei informatesche Käschten, déi keng direkt Leeschtung um Patient duerstellen, kéint iwwer eng aner Finanzéierung nogeduecht ginn.
Déi ugespaante Relatioune mat der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD géifen d'Zesummenaarbecht an d'Aarbechtsgruppen aktuell net verhënneren, esou d'Ministesch. D'Representante vun der AMMD wieren nach ëmmer an allen Aarbechtsgruppen derbäi.
Op d'Fuerderung vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel no méi Kompromëssbereetschaft vun der Regierung huet si drop verwisen, datt schonn zwee Gesetzesprojeten op Demande vun der AMMD deposéiert gi wieren. Fir dës ze finaliséieren, wier d'Matwierke vun den Dokteren néideg. Aktuell géif a fënnef Aarbechtsgruppe mat den Doktere geschafft ginn. Eng dovun beschäftegt sech domat, d'Waardezäiten an den Urgencen ze reduzéieren.
Wat den Ëmschwong vun der Konventioun op groussherzoglech Reglementer bis Enn Oktober ugeet, sot d'Martine Deprez: "Ech wëll nach eng Kéier betounen, datt fir d'Leit näischt ännert, d'Tariffer, d'Rechnunge bleiwen esou wéi se sinn, ginn esou virun ofgerechent, wéi se ofgerechent gi sinn, d'Leit brauche sech dobausse keng Suergen ze maachen."
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.