Greta-EffektMarché fir nohalteg produzéiert Liewensmëttel boomt

RTL Lëtzebuerg
Schonn 2019 hat de sougenannte Greta-Effekt weltwäit bei ville Leit Ëmdenken a puncto Klima- an Ëmweltschutz encouragéiert.
Marché fir nohalteg produzéiert Liewensmëttel boomt
Schonn 2019 hat de sougenannte Greta-Effet weltwäit bei ville Leit Ëmdenken a puncto Klima- an Ëmweltschutz encouragéiert.

Bei eise dätschen Nopere war deemools zum Beispill schonn d'Bio-Branche ëm 8% gewuess. Elo matten an der Coronavirus-Kris ass d'Demande nach emol an d'Luucht gaangen.

Bei munch Produzenten ass den Ëmsaz am zweestellege Beräich gewuess. E Grond läit sécherlech doran, datt d'Konsumenten am Confinement quasi forcéiert waren, selwer rëm méi ze kachen an do hu sech der wuel vill e bësselche méi Gedanke gemaach, wat bei hinnen op den Dësch kënnt.

Vill wollten a wëlle weiderhi méi op bio, respektiv lokal Produiten zréckgräifen. Och hei zu Lëtzebuerg! Fir d'Produzenten eng gutt Entwécklung, allerdéngs huet dat natierlech méi Aarbecht bedeit. An där Zäit, wou vill Leit also net méi dierfte schaffen, hate si a bemol vill méi ze dinn.

Dëse positiven Nieweneffekt vun der Pandemie hunn och d'Pionéier vun der solidarescher Landwirtschaft hei am Land bemierkt, d'Cooperative Terra. Si bedreiwen zënter 2014 eng nohalteg Landwirtschaft a sensibiliséieren domat gläichzäiteg fir méi Ëmwelt- a Klimaschutz. Wéi genee hiren alternative Model funktionéiert an déi engagéiert Ekipp den aktuellen Challenge gemeeschtert huet, dat gesitt der am Reportage.

Back to Top
CIM LOGO